D'Sanna Mirella Marin, gebuer de 16.
Novembaer 1985 zu Helsinki, ass eng finnesch Politikerin (SDP). Si war vum 10. Dezember 2019 bis den 20. Juni 2023 Premierministesch an hirem Land.
Sanna Marin | |
---|---|
Gebuertsnumm | Sanna Mirella Marin |
Gebuer | 16. November 1985 Helsinki |
Nationalitéit | Finnland |
Aktivitéit | Politiker |
Famill | |
Bestuet mat | Markus Räikkönen |
Si gouf 2012 an 2017 an de Gemengerot vun Tampere gewielt a war vun 2013 bis 2017 Presidentin vum Gemengerot. Si war och Member vun der Assemblée vum Regionalrot vun der Regioun Tampere.
2015 gouf si an d'finnescht Parlament gewielt (2019 erëmgewielt) a war vu Juni bis Dezember 2019 Verkéiers- a Kommunikatiounsministesch vun der Republik Finnland. Den 8. Dezember 2019 gouf si vun hirer Partei als Nofollgerin vum Antti Rinne, deen zeréckgetruede war, designéiert,. D'finnescht Parlament huet hir den 10. Dezember d'Vertrauen ausgeschwat.
Bei de Parlamentswale vun 2023 ass hir Partei vum Status vun der stäerkster Partei op dee vun der Drëttstäerkster zeréckgefall; de Petteri Orpo vun der Nationaler Koalitiounspartei gouf hiren Nofollger als Premierminister.
Commons: Sanna Marin – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Sanna Marin, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.