De Rugbyball ass de Spillball vun de Sportaarten aus der Rugby-Famill.
En huet eng oval Form.
E Rugbyball gëtt dacks mat engem Foussball (aus dem American Football) verwiesselt, dësen ass awer méi spatz, méi kleng, méi schwéier an huet déi typesch brong Faarf mat der wäisser Nout op der Säit.
Fréier gouf de Rugbyball aus véier gläich geformte Liederstécker gemaach, déi unenee gebutt goufen. Modern Bäll hunn eng Gummiuewerfläch mat klengen Noppen, déi d'Rutschfestegkeet verbessert.
Rugbybäll gëtt et a fënnef Gréissten. D'Gréisst 5 ass déi, mat där Seniore spillen.
Längt: 280–300 mm, Ëmfang an der Längt: 760–790 mm, Ëmfang an der Breet: 580–620 mm, Gewiicht: 400–440 g.
Commons: Rugby union balls – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Rugbyball, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.