Rugby Union: Sportaart aus der Rugby-Famill

Rugby Union (dacks einfach nëmme Rugby oder op Franséisch Rugby à 15 oder Rugby XV) ass eng vun zwou Versioune vu Rugby.

Et ass dat am meescht verbreet Rugbyspill iwwerhaapt. An dësem Kämpf- a Ballspill versichen zwou Mannschaften zu jeeweils 15 Spiller, e Rugbyball, laanscht oder duerch d'Géignerverdeedegung ze droen an op déi Aart a Weis Punkten ze markéieren.

Rugby Union
Rugby zu 15, Rugby XV
Rugby Union: Geschicht[1], Reegelen, Kuckt och
Rugby Union: Geschicht[1], Reegelen, Kuckt och
Typ Rugby
Olympesch Sportaart nee
Federatioun
International International Rugby Board
Lëtzebuerg Fédération luxembourgeoise de rugby
Ursprong
Ursprongsland Vereenegt Kinnekräich
Erfonnt 1823
Aner Informatiounen
Gebraucht gëtt Rugbyball, Rugby-Union-Terrain
Aktuelle Weltmeeschter ♂ Rugby Union: Geschicht[1], Reegelen, Kuckt och Südafrika (2023)
Aktuelle Weltmeeschter ♀ Rugby Union: Geschicht[1], Reegelen, Kuckt och Neiséiland (2022)
Rugby Union: Geschicht[1], Reegelen, Kuckt och


Rugby Union: Geschicht[1], Reegelen, Kuckt och

Den éischte Verband, Rugby Football Union (RFU), ass 1871 an England gegrënnt ginn. Den internationale Verband, deen d'Reegele vum Sport festleet an eng ganz Rei Kompetitiounen organiséiert ass den International Rugby Board (IRB), deen 1886 gegrënnt gouf.

Geschicht

Et gëtt ugeholl, datt de Rugby Union 1823 wärend engem Fussballmatch erfonnt gouf, wéi e Student vun der Rugby School an England, de William Webb Elis, de Ball an d'Hand geholl huet an iwwer d' Zillinn gelaf ass.

Tëscht 1845 an 1848 hu Studente vun der Rugby School zesumme mat Studente vun der Universitéit vu Cambridge d'Reegele vum Rugby Union festgeluecht, bei deem 15 Spiller pro Ekipp virgesi sinn. De 7er-Rugby gouf 1883 vun zwéi schottesche Metzler, dem Ned Haig an dem David Sanderson, erfonnt, fir Spenden ze sammelen.

Reegelen

Zil vum Spill

Rugby Union: Geschicht[1], Reegelen, Kuckt och 
Eng Mêlée

Zil vum Spill ass et, méi Punkte wéi d'Géignermannschaft ze maachen. Dofir gëtt et dräi Méiglechkeeten:

  • Et kann een de Ball laanscht d'Géignermannschaft droen hanner d'Linn d'essai, an do op de Buedem leeën. Dat ass wat een en Essai nennt, op Englesch try, deen zielt fir fënnef Punkten. Duerno huet d'Mannschaft d'Chance eng Transformatioun ((en) conversion) vu weideren zwéi Punkten z'erzilen. Heibäi gëtt probéiert, de Ball mat engem Kick vum Buedem op enger Plaz op der Linn (parallel zur baussechter Linn), wou den Essai gesat ginn ass, an zwar duerch e Potto an H-Form ze schéissen. De Ball soll dann iwwer d'mëttelst Lat fléien.
  • Wann e Feeler geschitt, muss eng Penalitéit geschoss ginn. Dat heescht nach eng Kéier datt de Ball gekickt gëtt, an zwar erëm iwwer d'Mëttellat vun de Pottoen.
  • Wärend dem Spill ass et och méiglech eng reng technesch Beweegung duerchzeféieren, den Drop-Kick. Deen ass dräi Punkte wäert.

Spiller

Déi 15 Spiller vun all Mannschaft ginn an aacht Stiermer (Forwards, Trikotnummer 1-8) an a siwen Arrièren (Backs, Trikotnummer 9-15) agedeelt. Bei de Spiller mat den Trikotnummeren 11-14 schwätzt een och vun Trois-Quarts, déi d'Oppositioun zum Stuerm bilden. D'Nummer 10 huet den Numm Demi d'ouverture, well en tëscht dem Stuerm an den Trois-Quarts d'Spill dirigéiert.

Op dëser Skizz kann een d'Opstellung wärend enger Mêlée verstoen.

1 Lénkse Pilier 2 Talonneur 3 Rietse Pilier
4 Zweet Réi 5 Zweet Réi
6 Lénkse Flanker 8 Nummer 8 7 Rietse Flanker
 
9 Demi-de-melée
10 Demi-d'ouverture
12 Éischten Zenter
13 Zweeten Zenter
11 Lénkse Flillek 14 Rietse Flillek
15 Fofzéng

Standardsituatiounen

Rugby Union: Geschicht[1], Reegelen, Kuckt och 
En Tackling

Standardsituatiounen am Rugby Union sinn eng Mêlée, mat där e klenge Foul bestrooft gëtt, an och den Aworf, wann de Ball eraus war.

Eng aner quasi-Standardsituatioun ass de Plaquage, mat deem verhënnert gëtt, datt de Géigner Raum wënnt.

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Rugby union – Biller, Videoen oder Audiodateien

Tags:

Rugby Union Geschicht[1]Rugby Union ReegelenRugby Union Kuckt ochRugby Union Um SpaweckRugby UnionRugbyRugbyball

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

KriminologieRaymond Clement1705Fernand FehlenAngkor WatRegierung Werner-CravatteBuddhismusTrittico LombardoGeorge III. vum Vereenegte KinnekräichBranebuergJoseph NeumanInternetE-MailMadeleine BarbuléeYoussef ChahineDellPaul ElvingerAkronymIngrid CavenMetropol LyonAnnett RennebergCharlotte vu LëtzebuergRenert oder de Fuuss am Frack an a MaansgréisstBlogSophie MouselSchwäiz1952Eech zu SirenAnne-Claude JeitzMstislaw RostropowitschGiro d'ItaliaSpartacus (Film 1960)MyanmarÉlisabeth Kox-RischMierCFL 56BockfielsPaul LafontaineCorazón AquinoPatrick GoldschmidtCOVID-19-PandemieN1900Lëscht vun de Weekapellen zu LëtzebuergStater Kolléisch2018Roger ManderscheidJim MorrisonEemaischenEU (Homonymie)Pierre WernerHam (Fleesch)1020Antonio Carlos JobimAtheismusJean-Monnet-2-GebaiWill SmithApollo (Mythologie)Ganymed (Mound)Fändel vu LëtzebuergEtrusker20. SeptemberMountSoziologieRichard I. vun EnglandKubaKolumbianesch FoussballnationalekippLommel🡆 More