Lieder ass e strapazéierfäegt a flexibelt Material, dat aus der Haut vun Déiere gemaach gëtt.
Déi Haut gëtt gegierft an domat cheemesch haltbar gemaach, awer hir natierlech Faserstruktur bleift dobäi erhalen. Lieder gëtt fir eng ganz Rei vu Produkter benotzt, wéi zum Beispill fir Bicher ze bannen, an der Moud (Schung, Rimmer, Jacketten, Poschen....) oder an der Miwwelproduktioun (Fotellen, Still...).
Dat meescht Lieder gëtt aus der Haut vu Ranner, Geessen oder Schof gemaach. Et gëtt awer och Lieder aus der Haut vu Krokodilen, Büffelen, Känguruen, Schlaangen, Straussen an aneren Déieren.
Commons: Lieder – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Lieder, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.