Rue De La Congrégation: Strooss an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg

D'Rue de la Congrégation, op lëtzebuergesch Joffer(e)gässel oder Jufferngässel genannt, ass eng Strooss an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg.

Se leeft vum Schoulbierg a süd-westlecher Richtung bis op de Boulevard Roosevelt.

Rue de la Congrégation
Rue De La Congrégation: Geschicht, Kuckt och, Biller
Lëtzeb. Numm Jofferegässel,
Joffergässel,
Jufferngässel
Ënnerhal vu(n) Lëtzebuerg
Situatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Quartier(en) Uewerstad
Postcode L-1352
Koordinaten 49°36'33,48"N, 6°7'56,89"O
Morphologie
Längt 130 m
Héicht i. M. 299 m
Geschicht

Geschicht

Den Numm deen haut nach gebräichlech ass, Jufferngässel, fënnt een an den eelsten Dokumenter vun der Stad erëm. Déi Gaass louch héchstwarscheinlech an der direkter Ëmgéigend vum Klouschter dat 1627 vun de Klarissinnen-Schwëstere vun der Congrégation Notre-Dame vu Metz do gegrënnt gi war.

Den offiziellen Numm „Rue de la Congrégation” vun der aktueller Strooss geet op dat genannt Klouschter zeréck, dat un déi haiteg Dräifaltegkeetskierch ugebaut war an zu deem och eng Primaire-Schoul fir Meedercher gehéiert huet. An de 1730er Joren hat den Uerden eng Kierch gebaut (déi haiteg Dräifaltegkeetskierch), mat enger Schoul direkt dernieft. An deem Schoulgebai war tëscht 1830 an 1838 d'Stadverwaltung ënnerbruecht.

D'Kongregatiounsschwësteren hu fir d'éischt (bis 1810) an engem Gebai gewunnt, dat e Refuge vun de Zisterzienserschwëstere vun Déifferdeng war, duerno an engem Gebai, dat virdrun e Refuge vun der Abtei Almënster war.

D'Strooss housch uganks Rue de la Trinité (bis 1798), duerno Rue de la Fraternité (1798 bis 1807). Den haitegen Numm huet se zanter dem 21. November 1807, mat Ausnam vun der Nazizäit, an där se a Jufferngässel ëmgedeeft gouf, en Numm deen haut nach geleefeg ass.

Kuckt och

Biller

Um Spaweck

Commons: Rue de la Congrégation – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

Tags:

Rue De La Congrégation GeschichtRue De La Congrégation Kuckt ochRue De La Congrégation BillerRue De La Congrégation Um SpaweckRue De La CongrégationBoulevard Franklin-D.-Roosevelt (Stad Lëtzebuerg)Clairefontaine-PlazLëtzebuerg (Stad)Uewerstad

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

David GoldrakeBetty FontaineJoe Biden1974Trauliicht (Brauch)Christoph KolumbusAinhoa AchuteguiWill FerrellLëtzebuerger Constitutioun2016Gemeng DiddelengRussesch-Ukrainesche KrichHaushongJapanSchengener OfkommesBlue (Film 1968)EnglandMobil ApplikatiounMasturbatiounEschduerfKënzegTansaniaLëscht vun de Vullen zu LëtzebuergAasselGréiwelsAthénée de Luxembourg1788Pascal DebraUkrainCorinna HarfouchNico ReisdorffJean-Pierre KoenigBenito MussoliniWikimedia10. Januar.jpÉislekOuljen19. SeptemberKosmesch StralungWeeschësserHeintz Van LandewyckLaosUS-DollarSelena Quintanilla-PérezGemeng DippechLéon LavalCôte de StockeuBhumibol AdulyadejRégis MoesFlèche du SudHans Magnus EnzensbergerVietnamKatrín JakobsdóttirInternationaalt Phoneetescht AlphabetAvenue John-F.-Kennedy (Stad Lëtzebuerg)US-Monument PéitengAngelsbierg9. JuliJosy JohannsGemeng LennengBouferNora BackCampus GeesseknäppchenTali GolergantHelperknappBungerëffer Millen🡆 More