D'Rue de la Poste ass eng Strooss an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Rue de la Poste an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg. Fir déi fréier Rue de la Poste am Garer Quartier, kuckt wgl. Rue du Fort-Neipperg. |
Se leeft vum Eck mat der Kuelegaass op der Plëss aus a Richtung Weste bis bei d'Aldringerstrooss. D'Plätzche wou se mat der Beckstrooss an der Aldringerstrooss zesumme kënnt, gëtt (um) Piquet genannt.
Lëtzeb. Numm | um Piquet, Piquet |
---|---|
Ënnerhal vu(n) | Service Voirie vun der Stad Lëtzebuerg |
Situatioun | |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Quartier(en) | Uewerstad |
Postcode | L-2346 |
Koordinaten | 49°36'41,18"N, 6°7'42,89"O |
Morphologie | |
Längt | 200 m |
Héicht i. M. | 303 m |
Geschicht | |
Genannt no | POST Luxembourg |
Den Odonym Rue de la Poste gouf de 16. Mee 1925 agefouert. E bezitt sech op den Hôtel des Postes, de fréiere Sëtz vun der Lëtzebuerger Post.
Déi haiteg Rue de la Poste huet am ëstlechen Deel, vun der Kuelegaass bis bei d'Philippsgaass Rue de la Place d'Armes geheescht. D'Strooss huet fréier aus enger duebeler Rei Haiser bestanen. Et ass warscheinlech, datt se duerch dat grousst Feier vum 11. Juni 1554 ganz zerstéiert gouf. Déi südlech Rei Haiser ass net méi opgebaut ginn.
Am westlechen Deel, tëscht der Philippsgaass an der Aldringerstrooss housch d'Strooss virun 1825 an duerno, vun 1854 bis 1925 Rue du Piquet.
Piquet erënnert un déi deemoleg Artilleriekasär aus der spuenescher Zäit (1674), déi tëscht der Rue Beck an der Aldringerstrooss stoung. Dat Gebai ass 1869 an de Besëtz vun der Stad iwwergaangen an et waren eng Museksschoul, eng Händschefabrick, eng Handwierkerschoul grad wéi de Siège vun der Postverwaltung dran.
Commons: Rue de la Poste (Stad Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Rue de la Poste (Stad Lëtzebuerg), which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.