De Roger Yonchien Tsien, gebuer den 1.
Februar">1. Februar 1952 zu New York, a gestuerwen de 24. August 2016 zu Eugene, am Oregon, war en US-amerikaneschen Zellbiolog.
Roger Tsien | |
---|---|
Gebuer | 1. Februar 1952 New York |
Gestuerwen | 24. August 2016 Eugene |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | Universitéit vu Cambridge |
Aktivitéit | Biochimist, Biophysiker, Universitéitsprofesser, Chimist |
Member vun | Royal Society, National Academy of Sciences, American Academy of Arts and Sciences, European Molecular Biology Organization |
Hie krut, zesumme mam Osamu Shimomura a mam Martin Chalfie, 2008 den Nobelpräis fir Chimie fir d'Entdeckung an d'Weiderentwécklung vum Protein dat gréng fluoreszéiert (GFP).
Hien huet op der Harvard Universitéit Chimie a Physik studéiert, an do 1972 säi Bachelor gemaach. Dono goung en op den Churchill College vun der University of Cambridge, wou en 1977 promovéiert gouf. 1981 gouf en Assistenzprofessor fir Physiologie an Anatomie op der University of California, Berkeley. 1985 bis 1987 war er do ausserplangméissege Professer an 1987 bis 1989 uerdentleche Professer. Zanter 1989 war hie Professer fir Pharmakologie, Chimie a Biochemie op der University of California, San Diego a Fuerscher um Howard Hughes Medical Institute. 1991 hat hien eng Gaaschtprofessur op der Massachusetts Institute of Technology (MIT) an 2003 op University of Cambridge.
Den Tsien huet um Niveau vun der Zellbiologie dru geschafft, verschidde Bausubstanzen an Zelle mat Hëllef vun Indikatoren, déi fluoreszéieren, besser siichtbar ze maachen. Méi spéit huet e säi Fuerschungsschwéierpunkt op d'Ofbilden an d'Behandele vu Kriibstumore verluecht. Hien huet dofir en U-fërmegt Peptid entwéckelt, dat an Zellen andréngt, an op dat eng Molekül, déi eng Faarf ginn huet, oder e Medikament, dropgeprafft kënne ginn ((en) activable cell penetrating peptide, CPP).
Den Tsien huet iwwer 100 Aufsätz publizéiert a méi wéi 60 Patenter ugemellt.
Commons: Roger Tsien – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Roger Tsien, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.