D'Pyrenäen sinn eng ronn 430 km laang Biergketten.
Si maachen d'Grenz tëscht Frankräich a Spuenien a trennen d'Ibeeresch Hallefinsel vum Rescht vun Europa. Andorra läit an den ëstleche Pyrenäen.
D'Pyrenäe bestinn am Fong aus zwou ongeféier gläich laange Biergketten, déi sech, déi eng vum Golf vu Biscaya aus, déi aner am Oste vum Cap Cerbère aus, an der Géigend vum Val d'Aran iwwerlappen. De Val d'Aran gëtt vum Port de Bonaigua iwwerbréckt, wouduerch dës zwou Biergkette verbonne ginn.
D'Pyrenäe ginn ënnerdeelt a westlech oder atlantesch Pyrenäen, d'Héich- oder Zentralpyrenäen an déi ëstlech Pyrenäen. D'Héichpyrenäen erstrecke sech am Weste vum Port de Canfranc bis an de Val d'Aran am Osten. De Pico de Aneto am Maladeta-Massiv ass mat 3.404 m deen héchste Bierg. Et gëtt ronn zweehonnert Bierger iwwer 3000 m an de Pyrenäen.
D'Pyrenäen sinn, wéi och d'Alpen, viru ronn 50 bis 100 Millioune Joer am Tertiär entstanen. Déi westlech Pyrenäen besti virun allem aus Kalleksteen, d'Zentralpyrenäen aus Graniter.
Et gëtt dräi Nationalparken an de Pyrenäen. Deen eelsten ass den Nationalpark Ordesa y Monte Perdido, südlech vum Cirque de Gavarnie, deen 1917 op der spuenescher Säit geschaf gouf. En huet 2.175 ha an ass dee klengste vun deenen dräi. Den Nationalpark Aigüestortes i Estany de Sant Maurici, och a Spuenien, huet 105 Kilometer carré. Op der franséischer Säit goufen 1967 d'Bierger südlech vu Lescun an der Vallée d'Aspe am Westen bis bei d'Néouvielle-Massiv nach mat am Osten zum Nationalpark (Parc National des Pyrénées) erkläert.
Commons: Pyrenäen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Pyrenäen, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.