Punk ass eng Jugendkultur, déi an der Mëtt vun den 1970er Joren zu New York an zu London entstanen ass.
De Begrëff "Punk" kënnt aus dem Engleschen an heescht souvill wéi "Wouscht".
Charakteristesch fir dës Subkultur si provokatiivt Ausgesinn, eng rebellesch Attitüd an en nonkonformistescht Behuelen. Pregnante Motto vun der Punkbeweegung um Enn vun den 1970er Jore war de Refrain vun engem Lidd vun de Sex Pistols: "No Future". Am Kontext vum Atomkrichrisiko am Kale Krich huet Punk sech deemools géint den Idealismus an Optimismus vun den Hippie geriicht, an ass der etabléierter Gesellschaft (souwuel där reaktionärer wéi och der 68er) desillusionéiert a mat oppenem Refus a Brüskéierung begéint. Haut ass Punk keng eenheetlech anti-alles Beweegung méi, nieft den Anarchisten gëtt et och onpolitesch Mainstream Moude Punken an aner Splittergruppéierungen.
Et gëtt verschidde Rockmusekrichtungen, déi sech "Punk(rock)" nennen.
Commons: Punk – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Punk, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.