De Südleche Fësch, (la: Piscis Austrinus) ass e Stärebild südlech vum Himmelsequator.
Date vum Stärebild Piscis Austrinus | |
---|---|
Lëtzebuergeschen Numm | Südleche Fësch |
Laténgeschen Numm | Piscis Austrinus |
Laténgesche Geenitiv | Piscis Austrini |
Laténgesch Ofkierzung | PsA |
Positioun | südlech vum Himmelsequator |
Rektaszensioun | 21h 27m bis 23h 6m |
Deklinatioun | -36° 27' bis -24° 49' |
Fläch | 245 Quadratgrad |
Siichtbar op de Breetegraden | -90° bis +50° |
Observatiounszäitraum fir Mëtteleuropa | Spéitsummer |
Zuel vu Stäre mat Gréisst < 3m | 1 |
Hellste Stär, Gréisst | Formalhaut (α PsA), 1,16m |
Meteorstréim | Piscis-Austriniden |
Nopeschstärebiller (vun Norden am Auerzäresënn) | Aquarius Capricornus Microscopium Grus Sculptor |
De Südleche Fësch ass ee wéineg markant Stärebild südlech vum Aquarius. Nëmmen deen hellste Stär Formalhaut ass mat 1,16m opfälleg hell. Déi aner Stäre sinn net méi hell wéi déi 4. Gréissteklass.
D'Stärebild steet vun eis aus gesinn déif um Horizont.
De Südleche Fësch gehéiert zu den 48 Stärebiller déi schonn an der anticker griichescher Astronomie, vum Ptolemäus beschriwwe goufen.
Stär | Numm | Gréisst |
---|---|---|
α PsA | Formalhaut | 1,16m |
δ PsA | Aboras | 4,2m |
ε PsA | 4,2m | |
β PsA | 4,3m | |
γ PsA | 4,4m | |
η PsA | 5,4m |
Formalhaut (α Piscis Austrini) ass mat enger Distanz vu 25 Liichtjoer een Noper vun der Sonn. Säin Numm huet en arabeschen Urspronk a bedeit souvill wéi „Maul vum Fësch“. Fotoe vum Weltraumteleskop Hubble weisen, datt de Stär vun enger Stëbsscheif vu 40 Milliarde Kilometer Duerchmiesser ëmginn ass. Warscheinlech huet de Fomalhaut ee gréissere Planéit op enger Distanz vu 7 bis 10 Milliarde Kilometer (dat ass ongeféier de 50 bis 70fachen Ofstand Äerd-Sonn).
Objet | Gréissten | Ofstand |
---|---|---|
β PsA | 4,3m/7,8m | 30,3" |
η PsA | 5,8m/6,8m | 1,8" |
Den Duebelstär β PsA steet op enger Distanz vun 150 Liichtjoer vun eis ewech. Déi zwou Komponente gehéieren zu de Spektralklassen A0 a G2. Wéinst hirem relativ wäite Wénkelofstand kënne si scho mat engem klengen Teleskop opgeléist ginn.
D'System η PsA ass 500 Liichtjoer vun eiser Sonn ewech. Et besteet aus zwéi liichtkräftege Stäre mat de Spektralklasse B7 an A2.
Commons: Piscis Austrinus – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Piscis Austrinus (Stärebild), which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.