De Paul Feltes, gebuer den 1.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
August">1. August 1969 zu Ettelbréck, ass e lëtzebuergesche Geschichtsprofesser an Historiker.
Paul Feltes | |
---|---|
Gebuer | 1. August 1969 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Sorbonne – Paris IV |
Aktivitéit | Historiker, Professer |
No senger Première am Iechternacher Kolléisch huet hien am deemolege Centre universitaire an der Stad Geschichtsstudien ugefaangen an 1994 zu Stroossbuerg mat engem Mémoire de maîtrise iwwer d'Lëtzebuerger Justizorganisatioun am 19. Joerhonnert ofgeschloss. Am Kader vum Stage pédagogique huet hien 1996 e Mémoire scientifique iwwer den Impakt vun der Weltwirtschaftskris vun 1929 op d'Siderurgie an op d'Lëtzebuerger Gesellschaft presentéiert.
Hie war historesche Beroder bei der Produktioun vum Film Heim ins Reich (2004) deen ee Präis vun der UNESCO gewonnen huet.
Tëscht 2004 an 2015 war hie Geschichtsprofesser am Stater Lycée Michel-Rodange. 2008 huet hien ee Master 2 iwwer den Zoustand vun der europäescher Stolindustrie um Virowend vun der Kriis vun den 30er Joren, geschriwwen. 2015 huet hie sech an de Stater Kolléisch versetze gelooss.
De 15. Oktober 2016 huet de Paul Feltes, zu Paräis op der Sorbonne, eng Dokterthees ënner dem Titel L'Europe et l'acier (1929-1939) - L'invisible république des maîtres de forges du temps des cartels: mythes et réalités mat Erfolleg verdeedegt.
Den 29. Januar 2020 krut de Paul Feltes, fir seng mëttlerweil publizéiert Thees, den Émile & Aline Mayrisch-Präis, gestëft vum Cercle des Amis de Colpach, an enger Séance académique um fréiere Siège vun der Arbed iwwerreecht.
De Paul Feltes ass bestuet a Familljepapp.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Paul Feltes, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.