De Lycée Ermesinde Miersch (LEM) ass eng lëtzebuergesch autonom Secondairesschoul, déi am September 2005 an der Stad Lëtzebuerg zu Hollerech, ënner der Bezeechnung Neie Lycée, hir Dieren opgemaach huet.
Am Joer 2012 huet de Lycée déi provisoresch Container zu Hollerech verlooss an ass an nei Gebaier zu Miersch geplënnert.
De Lycée Ermesinde um Campus scolaire zu Miersch | |
(LEM) | |
---|---|
Typ | Secondairesschoul, ëffentlech Schoul |
Regimm | Classique, General |
Land | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Miersch |
Leedung | Jeannot Medinger |
Schülerzuel | 644 |
September 2022 | |
Ënnersteet der/dem | Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend |
Gegrënnt | 2005 |
Genannt no | Ermesinde vu Lëtzebuerg |
Um Spaweck | http://www.lem.lu/ |
Zum Lycée gehéiert de Schoulrestaurant „Melusina“ an d'Internat „Sigfrid“.
De Lycée gouf duerch e Gesetz vum 25. Juli 2005 portant création d'un lycée-pilote gegrënnt. Seng Organisatioun gouf duerch e groussherzoglecht Reglement vum 10. August 2005 festgeluecht.
E krut den Numm Neie Lycée well et deemools nach eng Pilot-Schoul war, déi an enger Testphase war. E sollt awer och zum Ausdrock bréngen, datt et eng Schoul ass, déi en anere System huet wéi déi aner Schoulen zu Lëtzebuerg. Notamment ass den Neie Lycée eng Ganzdagsschoul.
Wéi d'Schoul opgoung gouf et just Septième-Klassen. Am Joer 2006 hat se 260 Schüler. Fir d'Rentrée 2007 koume 6e- a 5e-Klassen derbäi. Vum Schouljoer 2009/2010 gouf mat der 3e schrëttweis och den ieweschten Zyklus vum Secondaire ugebueden. Déi éischt Schüler hunn am Joer 2012 hire Premièresexamen do gemaach.
Duerch d'groussherzoglecht Reglement vum 24. Februar 2012 krut d'Schoul den Numm Lycée Ermesinde.
Eemol an der Woch ass Tutorat, do soen d'Schüler engem Tuteur oder enger Tutrice, wat si an der Woch gemaach hunn.
All Schüler „schafft“ zäitweis an enger oder zwou schoulinternen Entreprisen. Déi eenzel Entreprise si Produktiounseenheeten déi vun spezialiséiertem Personal mat Firmenerfaarung geleet ginn.
Am Lycée gëtt et 16 Entreprisen:
Commons: Lycée Ermesinde – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Lycée Ermesinde, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.