Nike war en US-amerikanesche Fluchofwierrakéiteprogramm (SAM-N-25 – Bezeechnung bis 1962; MIM-14/14A/14B – Bezeechnung vun 1962 un), déi an der Ufanksvariant MIM-3 Nike Ajax a spéider an der verbesserter Variant Nike Hercules iwwer vill Joren d'Réckkräiz vun der US-amerikanescher Loftverdeedegung duergestallt huet.
Si bestoung aus enger Startstuf mat engem Nike-Feststoffrakéitemotor (véierfach gebëndelt bei der Nike Hercules) an enger mat Flëssegdreifstoff ugedriwwener Zweetstuf (nëmmen NIKE Ajax; NIKE Hercules hat als zweet Stuf e Feststoffdreifwierk). An der Variant Nike Zeus gouf si och am éischten US-amerikanesche Rakéitenofwiersystem gebraucht.
Sprengkapp: konventionell (BHE, BLE) (M17 high-explosive blast-fragmentation) oder nuklear (BXS, BXL) (W-31 nuclear (2 kT, 40 kT)). Déi konventionell Sprengkäpp hunn eng Metallsplitterwollek ausgeléist, déi feindlech Fligere beschiedegen an zum Ofstuerz brénge sollten.
Déi éischt Stuf vun der Nike Ajax gouf an de follgende Versiounen och als Héichtefuerschungsrakéiten agesat. Ausserdeem gouf si och als Zweet- an Drëttstuf a villen Héichtefuerschungsrakéiten agesat. Fir den ziville Gebrauch gouf d'Nike wéinst hirer klenger maximaler Héicht meeschtens a Verbindung mat enger Uewerstuf zum Beispill a Form vun der Nike Apache oder der Nike Cajun gebraucht.
Commons: Project Nike – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Nike (Rakéit), which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.