D'Orionide sinn ee vun de fënnef aktiivste Meteorstréim.
Orioniden | |
---|---|
Aktivitéitszäitraum | 2. Oktober - 7. November |
Aktivitéitsmaximum | 21. Oktober |
Radiantepositioun vum Maximum | RA: 6 h 20 m DE: +16° |
ZHR | 25 |
Populatiounsindex | 2,5 |
geozentresch Vitess | 66 km/s |
De Meteorstroum mécht sech all Joer an de Mueresstonne vum 19. bis den 23. Oktober als Schwaarm vu Stäreschnäize bemierkbar.
Déi kleng Kierper sinn e puer Milligramm schwéier, produzéieren awer wéinst hirer héijer Vitess trotzdeem eng Liichtspur duerch Ioniséierung vun de Loftdeelercher an der héijer Atmosphär. Am Géigesaz zu sporadeschen (zoufälleg verdeelten) Meteoren hu si wéinst dem kollektiven Urspronkskoméit bal parallel Bunnen am Raum.
Doduerch schénge si um Himmel aus hirem Fluchtpunkt, dem sougenannte Radiant ze kommen, deen eppes nërdlech vum Stärebildkapp vum Orion läit. Duerchschnëttlech kann ee mat bloussem A baussent de grousse Stied pro Stonn ongeféier zéng vun dëse Spuere gesinn, déi och mat der Radarmethod méi genee ënnersicht goufen.
D'Orionide si labber Wolleke vu verstreetem Material vum Koméit Halley, déi sech am Laf vun de Joerdausenden duerch Aflëss vu klenge Bunnstéierungen am Sonnewand op der ganzer Koméitebunn verdeelt hunn. Och d'Eta-Aquariden vun der éischter Meehallschent stame vum Koméit Halley, allerdéngs vun enger anerer Plaz vu senger schmueler Ellipsbunn.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Orioniden, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.