En Orbiter ass eng Raumsond, déi en aneren Himmelskierper, wéi zum Beispill e Planéit, e Mound oder och d'Sonn ëmkreest.
De Begrëff kënnt aus dem Engleschen an ass vun Orbit (fir Ëmlafbunn) ofgeleet. Kënschtlech Satellitten an enger Ëmlafbunn ëm d'Äerd ginn net als Orbiter bezeechent; dorënner falen och d'Raumsonde fir Sonnefuerschung, déi sech ëm ee vun de Lagrange-Punkte vu Sonn an Äerd beweegen. Beim US-amerikanesche Space Shuttle ginn zwar déi eenzel Raumfären dacks Orbiter genannt.
Eng Raumsond als kënschtleche Satellit huet speziell Funktiounen – beispillsweis als Funkrelais fir eng Landesond – an erméiglecht ee groussraimegen Iwwerbléck iwwer den Zilkierper, eventuell déi detailléiert Miessung vum Gravitatiounsfeld an eng detailléiert Kartéierung.
Bis elo goufen Orbiter fir d'Sonn, den Äerdmound an d'Planéite Merkur, Venus, Mars, Jupiter an de Saturn souwéi bei den Asteroide (433) Eros a (4) Vesta agesat (Stand 13. August 2016):
Doriwwer eraus sinn am Kader vum US-amerikaneschen Apollo-Programm aacht bemannt Apollo-Raumschëffer an e Moundorbit ageschwenkt: Apollo 8, 10, 11, 12, 14, 15, 16 a 17.
E puer Orbiter si gestart an nach um Wee bei hir Ziler:
Fir déi nächst Jore si weider Orbiterstarte geplangt:
Laangfristeg gëtt och iwwer en Orbiter fir de Jupitermound Europa an am Kader vun der Missioun TANDEM fir d'Saturnmounden Titan an Enceladus nogeduecht.
Aus Käschtegrënn goufen de Mars Telecommunications Orbiter (USA) an de Jupiter Icy Moons Orbiter (USA) gestrach.
Zwou aner Grondaarte vu Raumsonde sinn d'Lander an déi Sonden, déi laanscht en Himmelskierper fléien Passéierfluchsonden.
D'Konzept vun de Passéierfluchsonden, dat de Fly-by bei engem Himmelskierper verfollegt, ass technesch an energeetesch méi gënschteg, well zum Beispill kee Bremsdreifwierk néideg ass, fir an en Orbit anzeschwenken (vum Sonnenorbit ofgesinn). Domat falen awer och déi wëssenschaftlech Resultater méi kleng aus.
Bei de Lander ginn haart a mëll Landungen op der fester Uewerfläch vum Himmelskierper ënnerscheet. Dat technesch schwieregst Konzept ass déi mëll Landung, virun allem wann e Retour vun der Raumsond mat Buedemprouwe virgesinn ass.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Orbiter (Raumfaart), which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.