D'Orang-Utanen (Pongo) sinn eng Gattung vu Primaten bannent der Famill vun de Mënschenafen (Hominidae).
Pongo ass heihi verlinkt. Fir aner Bedeitungen dovun, kuckt wgl. Pongo (Homonymie). |
Si ënnerscheede sech vun anere Mënschenafe wéinst hirem routbronge Pelz a wéinst hirem Kierperbau, dee méi un e Liewen an de Beem ugepasst ass.
Orang-Utanen | |||||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
e Borneo-Orang-Utan (Pongo pygmaeus) | |||||||||||||||
Systematik | |||||||||||||||
| |||||||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||
Pongo Lacépède, 1799 | |||||||||||||||
Aarten | |||||||||||||||
|
Si liewen op de südostasiateschen Insele Sumatra a Borneo. D'Orang-Utane ginn an dräi Aarten ënnerdeelt: de Borneo-Orang-Utan (Pongo pygmaeus), de Sumatra-Orang-Utan (Pongo abelii) an den nei entdeckten Tapanuli-Orang-Utan (Pongo tapanuliensis).
Orang-Utanen gi vu Kapp bis Hënner 1,25 bis 1,5 Meter grouss. D'Männercher si mat 50 bis 90 Kilogramm bal duebel esou schwéier wéi d'Weibercher, déi 30 bis 50 Kilogramm weien. D'Fell ass donkelrout bis roudelzeg-brong, woubäi d'Faarf bei den Déieren op Sumatra méi hell ass.
D'Äerm an d'Been si staarkt op eng Liewensweis an de Beem spezialisiéert: D'Äerm si ganz laang a staark, a kënnen eng Spanwäit vu bis zu 2,25 Meter hunn. D'Hänn si kropfërmeg a laanggestreckt. D'Bee si relativ kuerz a kënnen no banne gebéit ginn, wat d'Kloteren erop op Beem méi einfach mécht. D'déck Zéif ass kleng an zimmlech ënnen, déi aner Zéiwe si verhältnesméisseg laang a gebéit, sou wéi bei den Hänn.
D'Orang-Utane komme just op den Insele Borneo a Sumatra vor. Op Sumatra liewen s'an de nordwestleche Regiounen an deelweis laanscht d'Westküst, op Borneo haaptsächlech an de südlechen an ëstliche Géigenden.
Hire Liwensraum sinn déi tropesch Reebëscher, op enger Héicht vun 0 bis 1500 Meter. Si sinn dacks a suppege Géigenden oder no bei Flëss ze fannen. Och an den Dipterocarpaceen-Bëscher kommen se vir.
Commons: Orang-Utanen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Orang-Utanen, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.