D'Olympesch Summerspiller 1984, offiziell Spiller vun der XXIII.
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Olympiad, goufe vum 28. Juli bis den 12. August 1984 zu Los Angeles am US-amerikanesche Bundesstaat Kalifornien organiséiert.
Spiller vun der XXIII. Olympiad | |
---|---|
Olympesch Summerspiller | |
Maskottchen | Aadler Sam |
Land | USA |
Stad | Los Angeles |
Ufanksdatum | 28. Juli 1984 |
Schlussdatum | 12. August 1984 |
opgemaach vum/vun der | Ronald Reagan |
Olympeschen Eed | Edwin Moses, Sharon Weber |
Olympesch Fakel | Rafer Johnson |
Kompetitiounen | 221 an 21 Sportaarten |
Ekippen | 140 |
Athleeten | 6.829 |
Spiller virdrun | Olympesch Summerspiller 1980 |
Spiller duerno | Olympesch Summerspiller 1988 |
Um Spaweck | https://olympics.com/en/olympic-games/los-angeles-1984 |
D'Sowjetunioun huet d’Spiller boykottéiert, well d'Sécherheet vun hiren Athleeten zu Los Angeles net garantéiert wier. 18 Staaten hu sech dem Boykott ugeschloss an hirersäits als Géigeleeschtung „Spiller vun der Frëndschaft“ organiséiert.
D'Synchronschwammen, d'Rhythmesch Sportsgymnastik, den Damme-Marathon an d'Damme-Stroossecourse am Cyclissem waren nei um olympesche Programm.
Et hunn 140 Natioune mat am Ganze 6.829 Olympioniken (1.566 Fraen a 5.263 Männer) bei 221 Kompetitiounen an 21 Sportaarte matgemaach.
Lëtzebuerg war zu Los Angeles mat 5 Athleete vertrueden. D'Lëtzebuerger hu keng Medail gewonnen.
Zënter 1900 war et déi 16. lëtzebuergesch Participatioun bei den Olympesche Summerspiller.
De Fändel vu Lëtzebuerg gouf bei der Erëffnungszeremonie vun der Bouschëtzin Jeannette Goergen gedroen.
Commons: Olympesch Summerspiller 1984 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Olympesch Summerspiller 1984, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.