Den Neville Brand, gebuer den 13.
August">13. August 1920 zu Griswold a gestuerwen de 16. Abrëll 1992 zu Sacramento a Kalifornien, war en US-amerikanesche Schauspiller.
Neville Brand | |
---|---|
Gebuer | 13. August 1920 Griswold |
Gestuerwen | 16. Abrëll 1992 Sacramento |
Doudesursaach | Longenemphysem |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | Kewanee High School |
Aktivitéit | Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Theaterschauspiller |
Hie gouf als Zaldot am Zweete Weltkrich am 331. Infanterieregiment vun der 83. Infanteriedivisioun agesat. Hie gouf schwéier blesséiert a gouf mat dem Silver Star ausgezeechent.
Nom Krich huet hie Schauspill studéiert an huet Theater gespillt. Seng éischt Roll beim Film krut hien am Joer 1949. Hie war haaptsächlech a Western wéi och Gangster- a Krichsfilmer ze gesinn.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Neville Brand, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.