Den Nataraja (Sanskrit:{नटराज Kinnek vum Danz) ass eng Erscheinungsform vum Hindu-Gott Shiva.
A senger Form als Nataraja féiert de Shiva e kosmeschen Danz (tandava) op, deen de Prozess vun der Schëpfung, Zerstéierung an Nei-Erschafung vum Universum symboliséiert. D'Figur vum Nataraja ass virun allem duerch eng gnaz Rëtsch südindesch Bronzeskulpturen aus der Zäit ëm d'Joer 1000 bekannt ginn a se gehéiert haut am Westen zu de bekanntste Symboler vum Hinduismus.
De Shiva gëtt an der Ikonographie als eng anthropomorph Gestalt mat véier Äerm representéiert, déi bannet engem Krees aus Flamen danzt. Dëse Krees symboliséiert d'Energie, déi sech ausbreet, an och d'Limit vum Universum. D'Hoer déi beim Dréie vum Kapp stinn, formen eng Zort Aura ronderëm dem Shiva säi Kapp. Dat lénkst Been huet e gehuewen, mam rietsen trëppelt en op den Zwergdämon Apasmara, deen um Buedem läit, an deen d'Ignoranz an d'Dommheet symboliséiert. A senger rietser, ieweschter Hand hält den Nataraja d'Sandauertromm vun den Asketen, déi ronderëmwanderen (damaru); mat senger ënneschter rietser Hand weist en de Geste vum Schutz (abhayamudra). An der Handfläch vun der ieweschter lénkser Hand brennt eng Flam, déi ënnescht forméiert eng Parallelfigur zu sengem lénkse Been.
Dem Mythos zur Folleg huet de Shiva deen Danz zu Chidambaram opgefouert. Do gëtt et haut en Tempel, den Nataraja-Tempel, deen him geweit ass.
Doduerch, datt vum fréien 20. Joerhonnert un am Westen den Intressi un der indescher Kultur a Mystik méi grouss gouf, ass d'Figur vum Nataraja aoch do bekannt ginn. Dozou bäigedroen huet den Aufsatz The Dance of Shiva vun 1918, vum Ananda Kentish Coomaraswamy, deen aus Sri Lanka hierkoum. An de Joren dono hu vill Muséeën Nataraja-Bronzen an hir Kollektiounen opgeholl, wouduerch de Shiva als Dänzer zu enger Ikon vum Hinduismus gouf an, nieft dem Om-Zeiechen, als ee vun de bekanntste Symboler.
Commons: Nataraja – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Nataraja, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.