Den Nat King Cole, fir richteg Nathaniel Adams Coles, gebuer de 17.
Mäerz">17. Mäerz 1919 zu Montgomery, Alabama, a gestuerwen de 15. Februar 1965 zu Santa Monica, Kalifornien, war en US-amerikaneschen Jazz-Pianist a Sänger.
Nat King Cole | |
---|---|
Gebuertsnumm | Nathaniel Adams Coles |
Gebuer | 17. Mäerz 1919 |
Gestuerwen | 15. Februar 1965 Santa Monica |
Doudesursaach | Longekriibs |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Liddermécher, Pianist, Schauspiller, Jazzmuseker, Jazzgittarist, Televisiounsschauspiller |
Famill | |
Kanner | Natalie Cole |
Hien huet seng Musekercarrière an enger Band mat ë. a. sengem Brudder Eddie ugefaangen. Duerno huet den Nat Cole sech dozou decidéiert, als Pianist zu Los Angeles ze bleiwen. 1939 huet hie mat anere Museker den Nat-King-Cole-Trio gegrënnt, woumat e séier grousse Succès hat. 1943 huet de Cole nieft dem Pianospill och gesongen. 1946 hat de "King" Cole säin éischten Nummer-1-Hit mat "(I Love You) For Sentimental Reasons", an 1948 hat en international Succès mat senger Opnam vun "Nature Boy".
An den 1950er Joren huet e bekannt Stécker wéi "Frosty the Snowman", "Too Young", "Funny (Not Much)", "Mona Lisa", "Can't I" oder "Say 'Si Si'" gesongen. Vun 1955 war et mam Trio eriwwer, an hien huet eng Solo-Karriär ugefaangen. Hien huet sech ëmmer méi op d'Sange konzentréiert, och a Richtung Pop, an huet ënner Pseudonym (Eddie Laguna, Shorty Nadine, Sam Schmaltz) mat Jazz-Museker wéi Buddy Rich a Lester Young Placken opgeholl.
Hien hat zanter der Mëtt vun den 1950er Joren eng eege Radiosemissioun, a spéider och eng Tëleesemissioun. Ausserdeem huet hien an diverse Filmer matgespillt, meeschtens an enger Gesanksroll.
De Cole huet sech politesch fir d'Rechter vun den Afro-Amerikaner agesat. Hien ass, wéinst villem Fëmmen, u Longekriibs gestuerwen.
Hie war Papp vun dräi Kanner, dorënner d'Sängerin Natalie Cole.
Commons: Nat King Cole – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Nat King Cole, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.