De Marvin Gaye (fir richteg Marvin Pentz Gay), gebuer den 2.
Abrëll">2. Abrëll 1939 zu Washington D.C. a gestuerwen den 1. Abrëll 1984 zu Los Angeles, war en US-amerikanesche Soul- an R&B-Sänger aus den 1960er, 1970er a fréien 1980er Joren.
Marvin Gaye | |
---|---|
am Joer 1973 | |
Gebuertsnumm | Marvin Pentz Gay, Jr. |
Gebuer | 2. Abrëll 1939 Washington |
Gestuerwen | 1. Abrëll 1984 Los Angeles |
Doudesursaach | Schosswonn |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Sänger, Komponist, Museksproduzent, Liddermécher, Pianist, Museker, Lidderschreiwer |
No verschiddenen Optrëtter a Bands doruechter krut de Marvin Gaye e Kontrakt bei Motown Records. Säin éischte Succès war d'Single Pride and Joy (1963). Säin éischten Album, deen et bis an d'Charts bruecht huert, war Together (1964). Bis 1977 huet en 39 Top-40-Songs fir Motown erausbruecht, en ettlech dovun an Duette mam Mary Wells, Kim Weston an Tammi Terrell.
Besonnesch mam Terrell (déi 1970 un engem Gehiertumor gestuerwen ass) hat e vill grouss Hits, wéie Ain't No Mountain High Enough (1967), Your Precious Love (1967), Ain't Nothing Like the Real Thing (1968) a You're All I Need to Get By (1968). Dertëscht hat e säi bis dohi gréissten Hit, I Heard It Through the Grapevine.
1971 ass den Album What's Going On, ee vun den haut berümtste Soulalben erauskomm. Dësen huet Rhythm and Blues mat klasseschen an Jazz-Elementer vermëscht, an d'Texter ware staark engagéiert. Och Let's Get It On (1973) war e kommerzielle Succès. Nom Soundtrack vun Trouble Man. I Want You, 1975, huet de Marvin Gaye Here, My Dear (1978) opgeholl, dat fir domat seng gescheete Fra auszebezuelen. Well hie Problemer mat de Steieren hat, ass e fir d'éischt op Hawaii, duerno, 1981, an Europa, op London, München, ma och fir annerhalleft Joer op Ostende geplënnert. De belsche Sänger Arno war do säi Kach.
In Our Lifetime (1981) war dee leschten Album fir Motown, deen nächsten, Midnight Love, koum bei Columbia Records eraus. Dodrop war ee vu senge bekanntste Songs, Sexual Healing, dat en zu Ostende geszchriwwen hat.
1983 ass hien no enger Tournée an den USA, wou e mat gesondheetlechen an Drogeproblemer ze kämpfen hat, nees bei seng Eltere wunne gaangen. Seng Relatioun mat sengem Papp, engem Baptiste-Paschtouer, war konflikträich, et koum ëmmer nees zu Sträit. A sou engem Sträit huet säi Papp en, den 1. Abrëll 1984, erschoss.
Commons: Marvin Gaye – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Marvin Gaye, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.