De Messier 33 (och Dräieckniwwel, Triangulumniwwel) oder NGC 598 bezeechent ass eng Spiralgalaxie mat de Moosse 70' × 40' an der Visueller Magnitude vu +5,70 mag am Stärebild Triangulum.
Den Dräiecksniwwel ass no dem Andromedaniwwel an der Mëllechstrooss dat drëttgréissten Objet an der Lokaler Grupp an déi eenzeg weider echt Spiralgalaxie nieft dësen zwou. D'Distanz zum Dräiecksniwwel ass ronn 3 Millioune Liichtjoer. D'Mass vun dëser Spiralgalaxie huet ronn 10% vun der Mëllechstroossemass, entspriechend 30 Milliarde Sonnemassen.
| |||||
---|---|---|---|---|---|
Stärebild | Triangulum (Tri) | ||||
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0 | |||||
Rektaszensioun | 1h 33m 51.02s | ||||
Deklinatioun | + 30° 39′ 36.7″ | ||||
Ausgesinn | |||||
Hubble-Sequenz | SA(s)cd | ||||
Visuell Magnitude | 5,7 magm | ||||
Wénkelduerchmiesser | 70′ × 40′ | ||||
Flächenhellegkeet mag/arcmin2 | 14,0 mag | ||||
Physikalesch Donnéeën | |||||
Gehéiert zu | Lokal Grupp Andromeda-Ënnergrupp | ||||
Distanz | 2,8 Mio.(Lj) | ||||
Routverrécklung | −0,000597 ± 0,000010 | ||||
Radialvitess | (−179 ± 3) | ||||
Absolut Hellegkeet | −18,9 mag | ||||
Absolutten Duerchmiesser | 50 000 – 60 000 Lj | ||||
Geschicht | |||||
Entdecker | Giovanni Battista Hodierna | ||||
Entdeckungsdatum | 1654 | ||||
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen | |||||
M | 33 | ||||
NGC | 598 | ||||
PGC | 5818 | ||||
UGC | 1117 | ||||
MCG | +5-4-69 | ||||
GC | 352 | ||||
h | 131 | ||||
H | V-17 | ||||
IRAS | 01310+3024 |
Wéinst senger klenger Flächenhellegkeet ass den Dräiecksniwwel besonnesch bei méi staarke Vergréisserunge mam Teleskop schwéier ze fannen.
D'Galaxie enthält dräi Gasniwwelen, NGC 592, NGC 595 an déi riseg Stäregebuertsplaz NGC 604. Weider sinn e puer Kugelstärekéip, vun deenen e puer der seelener Objetklass bloe Kugelstärekoup gehéieren. Méiglecherweis huet si och eng Satellittegalaxie, an zwar d'LGS 3.
Commons: Triangulum Galaxy – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Messier 33, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.