De Michel Weimerskirch, gebuer den 2.
Mäerz">2. Mäerz 1984 zu Wien an Éisträich, ass e lëtzebuergesche Softwareingenieur a Webentwéckler a fréiere Vëlossportler.
Michel Weimerskirch | |
---|---|
Gebuer | 2. Mäerz 1984 Wien |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Technesch Universitéit Kaiserslautern, Jongelycée vun Esch |
Aktivitéit | Softwareingenieur, Vëlossportler |
Famill | |
Papp | Paul Weimerskirch |
Geschwëster | Pierre Weimerskirch |
De Michel huet zu Kaiserslautern "Software Engineering" studéiert. Zanter 2009 schafft e selbstänneg an ass 2013 ee vun de Matgrënner vu Lightbulb s.à r.l.
Hien ass Benevole bei Code Club World, wou hie Kanner zu Lëtzebuerg programméiere bäibréngt.
Säi bekanntste Projet ass de Spellchecker.lu, et ass deen eenzege Verbesserungsprogramm fir Lëtzebuergesch dee modulär ass, e funktionéiert ënner anerem op Firefox a LibreOffice. E gëtt mëttlerweil vun iwwer 1200 Leit pro Dag benotzt.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Michel Weimerskirch, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.