D'Kierch vu Weimeschkierch ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Lëtzebuerg Notre-Dame zum Dekanat Lëtzebuerg an zu der Gemeng Lëtzebuerg gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
Uertschaft / Plaz | Weimeschkierch | |||
Par | Lëtzebuerg Notre-Dame | |||
Dekanat | Lëtzebuerg | |||
Numm / Patréiner | Hl. Mäerten | |||
Konsekratioun | 1767 | |||
Koordinaten | 49° 47’ 12.4’’ N 06° 26’ 33.6’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Mäerten, deem säi Fest den 11. November gefeiert gëtt.
D'Kierch steet op der Kräizung vun der rue de Laroche mat der rue Henri Lamomesnil. Nieft der Kierch ass de Kierfecht op e puer Niveauen ugeluecht.
D'Kierch gouf den 29. Mäerz 2019 als nationaalt Monumnet klasséiert.
Zu der fréeierer Par Weimeschkierch hun ausser der Weimeschkiercher Parkierch och nach d'Filialkierch vun Dummeldeng, d'Filialkierch vum Kierchbierg an d'Filialkierch aus der Millebaach gehéiert.
D'Par Weimeschkierch ass eng vun den eelsten am Land a gouf schonn ëm d'Joer 723 an engem Dokument vun der Abtei Sankt Maximin Tréier ernimmt.
Déi haiteg Kierch staamt an hirer architektonescher Grondstruktur aus de Jore 1763-64 a gouf vum Weibëschof vun Tréier, dem Johann Nikolaus von Hontheim am Joer 1767 konsekréiert.
An de leschte Joerzéngte vum 19. Joerhonnert si verschidde Vergréisserungen um Gebai gemaach ginn.
Commons: Kierch Lëtzebuerg-Weimeschkierch – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Kierch Lëtzebuerg-Weimeschkierch, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.