Mat Lunochod (russesch: Луноход fir Moundgefier), bekannt och ënner der Bezeechnung Luna E-8, gëtt den Typ vu sowjetesche Moundmobile bezeechent, déi am Kader vum Luna-Programm den Äerdmound erfuerscht hunn.
Et waren déi éischt ferngesteiert Gefierer op engem aneren Himmelskierper. Un der Konstruktioun vun de Fuerschungsgefierer war den Ingenieur Alexander Kemurdschian am meeschte bedeelegt.
Et gouf dräi Missiounen: Déi éischt goung mat der Explosioun vun der Proton-Drorakéit zu Enn, déi zwou aner waren e groussen Erfolleg:
Geplangte Missioun:
Fir d'Steierung vum Lunochod goufen d'Kandidaten aus de Reie vum sowjetesche Militär ausgesicht, woubäi déi selwecht Kriterie wéi bei der Auswiel vu Kosmonaute geholl goufen. Vun ufanks 45 Kandidaten am Abrëll 1968 waren um Enn vun der Ausbildung nëmmen nach 11 iwwreg bliwwen. Well wärend dem Mounddag ronderëm d'Auer geschafft huet misse ginn, goufen zwou Ekippen zu jee fënnef Persounen (Kommandant, Fuerer, Betribsingenieur, Navigator a Funker) mat engem Ersatzmann opgesat.
D'Gefierer haten en Deckel, deen op der bannenzeger Säit Solarzelle fir Energieversuergung montéiert hat. Duerch Op- an Zoumaache vum Deckel konnt och d'Temperatur beaflosst ginn. Fir d'Heizung koume Radionuklid-Heizelementer aus dem Polonium-Isotop 210Po zum Asaz. Fir d'Fuermanövere méi liicht ze maachen, waren d'Lunochode mat engem Kreeselsystem, engem Buedemfühler an engem Schréiemiesser ekipéiert.
Beim Lunochod 2 koum eng drëtt Frontkamera fir d'Verbesserung vun der Manövréierfäegkeet derbäi. Lunochod 2 hat, wéi am Joer 2013 op Biller vum LRO festgestallt gouf, mat enger zeréckgeluechter Streck vu 42 km den deemolege Rekord fir déi zeréckgeluechte Streck vun engem extraterrestresche Gefier, bis dee vun Opportunity um Mars gebrach gouf. Virdrun goung een, méiglecherweis wéinst ongeneeë Miessunge vum Lunochod 2 selwer, vu 37 km aus. D'Gefierer goufe vun der Raumfaartentreprise NPO S. A. Lawotschkin gebaut.
Béid Gefierer waren iwwer déi geplangt Missiounsdauer eraus funktiounsfäeg an hu missen ausser Betrib geholl ginn, wéi déi radioaktiv Polonium-Hëtzquellen net méi reagéiert hunn.
Commons: Lunochod – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Lunochod, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.