Den Titel Konsul gëtt gebraucht fir offiziell Representante vun engem Staat ze bezeechnen.
Déi genee Definitioun vum Amt vun engem Konsul hänkt awer ganz vun der jeeweileger Zäitperiod of.
E Konsul war den héchste Regierungsbeamten am Réimesche Räich. Fir Muechtmëssbrauch virzegräife gouf et awer ëmmer zwéi gläichberechtegt Konsulen, déi sech géigesäiteg kontrolléiert hunn. Si goufe vun der Volleksversammlung op ee Joer gewielt. Si hunn de Senat an d'Volleksversammlung aberuff a waren am Krich d'Cheffe vun de réimesche Sträitkräften.
A Frankräich hunn nom Stuerz vum Directoire 1799 dräi gewielte Konsulen d'Regierung gefouert. Deen éischten ënner hinne war den Napoleon. Hien huet awer no an no all d'Muecht a senger Hand konzertréiert, bis datt 1804 mat senger Kréinung zum Keeser d'Konsulat definitiv um Enn war.
Hautdesdaags bezeechent e Konsulat eng diplomatesch Funktioun, déi sech am Ausland fir d'Interesse vum eegene Staat a senge Bierger asetzt, mä am Rang ënner där vun engem Ambassadeur steet.
Commons: Consulates – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Konsul, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.