D'Kinga Göncz, gebuer den 8.
De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen. |
November">8. November 1947 zu Budapest, ass eng ungaresch Doktesch, Psychiaterin, Psychotherapeutin a Politikerin.
Kinga Göncz | |
---|---|
Gebuer | 8. November 1947 Budapest |
Nationalitéit | Ungarn |
Aktivitéit | Politiker, Diplomat, Psychiater |
Famill | |
Papp | Árpád Göncz |
Si ass dat eelst Meedche vum fréieren ungaresche Staatpresident Árpád Göncz.
No hire Studien zu Budapest huet si vun 1978 bis 1986 eng psychotherapeutesch Praxis gefouert. Tëscht 1982 an 89 war si Assistenzprofessesch fir medezinesch Rehabilitatioun an 1989 huet si op der Universitéit Budapest eng Professur fir Sozialpolitik iwwerholl.
Tëscht 1994 an 2002 war si Direktesch bei der US-amerikanescher Organisatioun Partners for Democratic Changes hirer ungarescher Filial.
Politesch ass si 2002 an d'Ëffentlechkeet geroden, wéi si an der Regierung vum Péter Medgyessy Staatssekretärin fir Kanner, Jugend a Sport gouf. Ënner dem Ministerpresident Ferenc Gyurcsány gouf si am Oktober 2004 fir d'éischt emol Ministesch fir Gesondheet, Soziales a Familljen.
No de Parlamentswalen am Abrëll 2006 gouf se vum Gyurcsány Ausseministesch genannt.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Kinga Göncz, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.