Kelten: Volleksgrupp an der Eisenzäit

Kelten (lat.

Kelten: Bekannt Plazen, Kuckt och, Literatur
 Maximal Ausbreedung vun de Kelten am 3. Jh. v. Chr.
 Ufanksgebitt vun der Hallstattkultur (zirka 750 v. Chr.)
 Ufanksgebitt vun der La-Tène-Kultur (zirka 450 v. Chr.)

D'Kelte ware weeder en homogeent Vollek, nach hu s'eng politesch Eenheet gebilt, nach wousste se vun enger gemeinsamer Identitéit. Awer kulturell a sproochlech (indogermanesch Sproochegrupp) waren d'keltesch Volleksstämm, déi sech vun Irland bis an Anatolien néiergelooss hunn, matenee Famill.

Iwwer siwe Joerhonnerte waren d'Kelte praktesch Här a Meeschter a groussen Deeler vun Europa, bis d'Réimer se verdriwwen an ënnerworf hunn.

Den Herodot seet eis, datt d'Griichen zu engem net genee festgehalene Moment dat deemolegt Europa an dräi Kinnekräicher (Zonen) agedeelt hunn: d'Kinnekräicher vun de Kelten, de Germanen an de Skythen, obwuel déi genannt Gruppen ni als homogeen Vëlker existéiert hunn, a si déi Bezeechnunge selwer mol guer net kannt hunn, mä hir eenzel Stämm oder Clanen no Regiounen, no Plazen, no Mythen oder no hiren Helde genannt hunn.

Éischt Verbindungselementer vun de sougenannte Kelte gëtt et bei der Hallstattkultur, sou genannt no der éisträichescher Stad Hallstatt, wou vill Artefakte fonnt goufen an déi sech ëm d'8. Jh. v. Chr. etabléiert huet. Si huet sech an Europa iwwer d'Gebitt vun den haitege Länner Slowenien, Kroatien, Éisträich, dem nordwestlechen Ungarn, der südwestlecher Slowakei, Tschechien, Süddäitschland, Schwäiz an Ostfrankräich ausgebreet.

Aus der Hallstattkultur ass d'La-Tène-Kultur ervirgaangen (5. Jh. v. Chr.), déi sech séier iwwer hiert Ursprongsgebitt eraus verbreet an hir Virgängerkultur verdrängt huet. D'La-Tène-Kultur huet sech duerch Eruewerungen, Kulturinfluenz a Vëlkerwanderunge bis op d'brittesch Inselen an a Klengasien ausgebreet, wou se Galater genannt goufen. Si waren a Stämm organiséiert déi dacks rivaliséiert hunn an deenen hir Nimm mat de Géigende wou se gelieft hunn, zesummenhoungen, sou wéi d'Arvenner an der Auvergne an d'Helveter an der Schwäiz. No enger Serie vun Néierlagen an de gallesche Kricher (vun 58 bis 51 v. Chr.) hu sech dunn awer all La-Tène-Vëlker de Réimer erginn, bis op déi vun de britteschen Inselen, deenen hir Kultur eréischt am 5. Joerhonnert mat der Evangelisatioun duerch den Hl. Patrick verschwonnen ass.

Kelten: Bekannt Plazen, Kuckt och, Literatur Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Keltescht Lëtzebuerg.

De Rudolf Pörtner schreift a sengem Buch "Bevor die Römer kamen" Follgendes iwwer d'Kelten: "Als Vollek sinn d'Kelte bis op e puer Reschter ënnergaangen, mä hiert Temperament schaimt a brodelt an eis weider. Hir Onrou, hire Liichtfank, hir Erfindungskraaft, hiert musescht Genie, hiren Individualismus, hiert politescht Onverméigen, hir stänneg Roserei, hiren éiwegen Zodi, hir Krichsloscht, hir Freed um gudde Liewen - dat alles mécht bis haut en Deel vum europäesche Wiesen aus!"

Op de Westränner vun de britteschen Inselen an um Wutz vun der Bretagne gëtt et haut nach iwwer eng Millioun Leit déi inselkeltesch Sprooche schwätzen.

Bekannt Plazen

  • Alésia an der Bourgogne, bekannt wéinst der Schluecht vun Alésia no där de Vercingetorix vun de Réimer gefaange geholl gouf
  • Bibracte, d'Haaptstad vum Stamm vun den Heduer
  • Mormont, eng Kopp an der Schwäiz a keltesch Kultplaz
  • Heuneburg, kelteschen Zentrum op der ieweschter Donau
  • Glauberg, en Oppidum aus der Hallstattzäit deen 1990 entdeckt gouf
  • Dürrnberg, eng Uertschaft an Éisträich an eng vun de wichtegste Plaze wou keltesch Artefakte fonnt goufen
  • Heiligenberg, eng Kopp bei Heidelberg

Kuckt och

Literatur

  • Pörtner, Rudolf. Bevor die Römer kamen  : Städte und Stätten deutscher Urgeschichte. Bindlach: Gondrom, 1993. Print.
  • Pauly, Michel. Geschichte Luxemburgs. 2., überarb. Aufl. München: C.H. Beck, 2013. Print.

Um Spaweck

Commons: Kelten – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • (fr) oppida.org, Premières villes au nord des Alpes, europäesche Projet op der Websäit vun der Universitéit Stroossbuerg
  • (de) kelten-info-bank.de, privat Websäit

Tags:

Kelten Bekannt PlazenKelten Kuckt ochKelten LiteraturKelten Um SpaweckKeltenAntiquitéitEuropa (Kontinent)GriicheschLatäin

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

ISO 3166-1DNathalie Reuter (Journalistin)Lëtzebuerg (Stad)FC Déifferdeng 03Hypertext Transfer ProtocolDesniéÄerdbiewenGëlle FraCharles MarxRobert SchumanPsychologieKapuzinertheaterHenri KoxMëttelamerikaFloridaRobert GoebbelsBlogWolodymyr Selenskyj2012Robert SchumannPéckvillchenPierre RauschCécile WagnerMailandGeorges ChristenRTL Radio LëtzebuergGrand EstVereenegt Staate vun Amerika5. MeeWrocławMinettsgéigendFort RubamprezStater TramE-BassGirl with a Pearl Earring (Film)Philippe Schneider, de Mann mat der KameraKetty ThullCôte de La RedouteDieter DMielLëscht vu lëtzebuergesche PlanzennimmSchlesienBill GatesLaosRassissemLiège-Bastogne-Liège 2024L'enquêteSowjetuniounIBMGroussherzog vu LëtzebuergJoerWaasserGewerkschaftLéif Lëtzebuerger...(136199) ErisStiefesdagKnuedler13NaturPont d'OugréeCampingWikiBenito MussoliniRue MohrfelsUn der AtertDiddelenger SchmelzStamm (Biologie)Jeannot LunkesBockfielsSchweden🡆 More