D'Julia Eileen Gillard, gebuer den 29.
September">29. September 1961 zu Barry, (Wales, Groussbritannien), ass eng australesch Politikerin.
Julia Gillard | |
---|---|
Gebuertsnumm | Julia Eileen Gillard |
Gebuer | 29. September 1961 |
Nationalitéit | Australien |
Aktivitéit | Politiker, Affekot |
Si war vum 24. Juni 2010 bis de Summer 2013 Premierministesch vun Australien. Si hat an där Funktioun de Kevin Rudd ofgeléist, nodeem se un d'Spëtzt vun der Australian Labor Party (ALP) gewielt gi war. Virdru war si Vizepremière ënner dem Rudd an zanter 1998 Deputéiert vun der ALP am Representantenhaus.
Si hat op den Universitéite vun Adelaide a Melbourne studéiert an e Bachelor of arts-Ofschloss a Geeschteswëssenschaften an an Droit gemaach. Zanter 1987 huet si an engem Affekotebüro geschafft. Politesch engagéiert huet si sech fir d'éischt an enger Studentegewerkschafte op der Uni.
Commons: Julia Gillard – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Julia Gillard, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.