De Joseph (Jos) Salentiny, gebuer den 22.
September">22. September 1950 zu Ettelbréck, ass e lëtzebuergesche Biologiesprofesser a fréieren Direkter vum Kolléisch.
Joseph Salentiny | |
---|---|
Gebuer | 22. September 1950 Ettelbréck |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Biolog, Lycéesprofesser |
De Joseph Salentiny goung zu Ueschdref an zu Réiden op der Atert an d'Primärschoul. Vun 1963 bis 1970 huet hie säi Secondaire am Stater Kolléisch absolvéiert. Am Schouljoer 1970-1971 huet de Joseph Salentiny op de Cours supérieurs an der Stad Chimie a Biologie studéiert fir duerno zu Stroossbuerg weider ze studéieren. 1974 huet hie seng Maîtrise de biologie animale op der Universitéit Louis Pasteur zu Stroossbuerg kritt. Vun 1974 bis 1977 huet de Joseph Salentiny säi pedagogesche Stage am Kolléisch gemaach a mat der Mentioun "très bien" ofgeschloss.
Nom Stage koum hien an de Collège d'Enseignement Moyen de Luxembourg, wou hien dann 1978 eng Nominatioun als Professer krut. Hien ass do bliwwen, wéi 1979 aus der Mëttelschoul de Lycée Technique Michel Lucius gouf. 1980 krut hien eng Mutatioun an de Stater Kolléisch.
Vun 1978 bis 1998 huet de Jos Salentiny och als Formateur am Kader vum pedagogesche Stage geschafft. Zanter 1998 war hie Coordinateur de discipline fir de Beräich Biologie a war souwuel als Formateur wéi och als Tuteur aktiv.
Tëscht 1990 an 2018 war hien och Member vum Jury fir de Concours de recrutement vun de Biologiesprofesseren, d'éischt als Sekretär, duerno als President vum Jury.
1999 ass am Kolléisch e Projet d'Etablissement lancéiert ginn, bei deem de Jos Salentiny vun Ufank un als dreiwend Kraaft derbäi war. 2004 ass dee Projet ofgeschloss ginn.
2004 ass hie Member vum Jury vun der Commission d'homologation ginn an dat selwecht Joer gouf hien och 'Direkter adjoint' vum Kolléisch. 2007 huet hie säi Virgänger, den Emil Haag, als Direkter ofgeléist. Hie war och den Initiator vun den AnnALes (11 Ausgabe bis 2018) a gläichzäiteg President vum Redaktiounscomité.
Tëschent 2012 an Enn Dezember 2016 war de Jos Salentiny voll mat der Renovatioun a Moderniséierung vum Kolléisch an de Märeler Wise beschäftegt.
Den 21. September 2018 ass hien als Direkter vum Kolléisch pensionéiert ginn.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Joseph Salentiny, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.