Cours Supérieurs

D'Cours supérieurs ware bis 1969 zu Lëtzebuerg en Enseignement um Niveau vum éischten Universitéitsjoer.

No dësem Studiejoer hunn d'Studente sech op enger Universitéit am Ausland ageschriwwen.

1969 goufen d'Cours supérieurs a Cours universitaires ëmbenannt an an deen nei geschaafte Centre universitaire de Luxembourg integréiert.

De Centre universitaire de Luxembourg (CunLux) gouf 2003 vun der neigeschaafter Université du Luxembourg ofgeléist.

Studium no de Cours supérieurs

  • Bis 1967 hu sech d'Studenten no de Cours supérieurs als élèves libres op enger auslännescher Universitéit ageschriwwen. No hire 4 Joer Universitéitstudien hu si dann den Ofschlossexamen am Kader vun der Collation des grades zu Lëtzebuerg gemaach.
  • 1968 gouf d'Collation des grades ofgeschaaft an d'Studenten hu sech no de Cours supérieurs, respektiv de Cours universitaires, als élèves réguliers op enger Rëtsch auslänneschen Universitéiten, mat deenen de Lëtzebuerger Staat eng Konventioun ënnerschriwwen hat, am zweeten Universitéitsjoer ageschriwwen. Hir Examen hu se also vun 1969 un op 'hirer' Universitéit gemaach.

Historique

  • E Virleefer vun de Cours supérieurs war de Cours de philosophie, dee 1686, ënner dem Louis XIV., zu Lëtzebuerg agefouert gouf, an dee bis 1815 bestanen huet. No dësen eejärege Coursë konnte sech d'Studenten an der Faculté de théologie, de droit et de médecine op der Universitéit zu Louvain aschreiwen.
  • 1817 huet den hollännesche Regime de Kolléisch, dee kuerz virdrunn als Athénée royal de Luxembourg nei gegrënnt gi war, mat sougenannte Cours académiques versinn, dat well d'Stad Lëtzebuerg verkéierstechnesch ongënschteg am Verglach zu den Universitéite vu Léck, Léiwen a Gent louch. Duerch d'Reform Friedemann (~1836) sinn dës Coursen eng Zäit verschwonn, bis se als Cours supérieurs nei gegrënnt goufen.
  • 1848 (Gesetz vum 23. Juli) goufen d'Cours supérieurs nei ageriicht. Se hunn aus zwou Sektioune bestanen: Philosophie et Lettres a Physique et Mathématiques.
  • No hirem Studium op de Cours supérieurs hunn d'Studente sech als élèves libres op enger auslännescher Universitéit ageschriwwen (se hunn also keng Examen op där Universitéit gemaach, mä lafend, no all Joer, hir Examen - no engem virgeschriwwene Programm - virun engem lëtzebuergesche Jury ofgeluecht).

No der Universitéit hunn d'Studenten déi verschidden Épreuve vum Ofschlossexamen (de sougenannten Doktorat) vun der Collation des grades zu Lëtzebuerg gemaach an duerno, z. B. am Professeschstage, eventuell eng Dissertatioun oder Thees an hirer Spezialitéit geschriwwen a verdeedegt.

  • D'Collation des grades gouf 1968 ofgeschaaft. Vun do un hunn all lëtzebuergesch Studenten hir Examen op den auslänneschen Universitéite gemaach, a si hunn duerno missen hir Diplomer zu Lëtzebuerg homologéiere loossen.
  • 1969 goufen d'Cours supérieurs a Cours universitaires ëmbenannt an an dee neigeschaafte Centre universitaire de Luxembourg (Gesetz vum 18. Juni 1969) integréiert.

Quellen

  • Ministère de la culture, de l'enseignement supérieur et de la recherche, 2000. Le Livre blanc de l'enseignement supérieur au grand-duché de Luxembourg. [1]
  • Paul Margue (an Zesummenaarbecht mam Ed Kayser), Des Cours supérieurs de l'Athénée à l'Université, en passant par le Centre universitaire de Luxembourg; in: (Kollektiv), De Kolléisch 2017, Bd. I/II, Ss. 112-117; Lëtzebuerg (Éditioune vum Kolléisch & Print Solutions), 2018.

Literatur

  • Michel Schmit, Regards et propos sur l'enseignement supérieur et moyen au Luxembourg - Essai documentaire; Lëtzebuerg; Publications de la Section historique de l'Institut grand-ducal, Band CXVI/1999.
  • Raymond Schaack, Studente, Spunten a Stagiären (Erënnerungen); Lëtzebuerg (Sankt Paulus Verlag); 1999; 381 Säiten. ISBN 2-87963-320-6

Referenzen an Notten

Tags:

Cours Supérieurs Studium no de Cours supérieursCours Supérieurs HistoriqueCours Supérieurs QuellenCours Supérieurs LiteraturCours Supérieurs1969Lëtzebuerg (Land)Universitéit

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Johny LahureWikipediaLéon LavalGemeng DuelemLaurent MoyseLëtzebuerg (Stad)Mali9. JuliHollandRob DeltgenHans Magnus EnzensbergerWäissrusslandKarl MarxFlavio Becca19. SeptemberLëscht vun de Weekräizer zu LëtzebuergLiège-Bastogne-Liège 2024MuttergottesoktavPolenBungerëffer MillenRenert oder de Fuuss am Frack an a Maansgréisst2010Nivellement général du Luxembourg26. AugustNora BackBuerg SimmerUEFACôte de StockeuGesondheetJang de BlannenBan de GasperichMario MontiRoche-aux-fauconsLëtzebuerger KantonenJosy BraunMarc Dostert1934Sozialdemokratische Partei DeutschlandsBuddhismusNapoleon BonaparteStauséi UewersauerMuttergottesliddStéphanie WeydertPornographieBetty FontainePol LeursNicoolKathoulesch KierchRtl.luDe FeierwonLëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften, Häff a Lieu-ditenAix-NouletteFelipe I. vu KastilienHimmelsdéiercherHousekerNidderkäerjengGemeng MäertertRay BradburyKënzegMolly YardSerge TonnarCFL 3600Wiki1974ReliounRiedelenGemeng DiddelengKosmesch Stralung1829Dräilännereck🡆 More