De Joseph Barbera, gebuer de 24.
Mäerz">24. Mäerz 1911 zu New York, a gestuerwen den 18. Dezember 2006 zu Los Angeles war en US-amerikaneschen Zeechentrickfilmer a Produzent.
Joseph Barbera | |
---|---|
Gebuer | 24. Mäerz 1911 New York |
Gestuerwen | 18. Dezember 2006 Studio City |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | Pratt Institute |
Aktivitéit | Filmproduzent, Filmregisseur, Animateur, Dréibuchauteur, Delegéierte Produzent, Televisiounsproduzent |
De Barbera huet an den 1920er Jore fir d'éischt niewelaanscht Cartooner u verschidden Zäitschrëfte vekaf. Duerno huet en als Gag-Auteur vun engem Zeechentrick-Studio geschafft. 1931 huet en ugefaangen als Animateur ze schaffen.
1937 goung e bei d'MGM. Hei huet hien de William Hanna kennegeléiert. Zesummen hu si d'Aventurë vum Tom and Jerry erfonnt an och déi vun de Flintstones (dt: Familie Feuerstein; fr: Les Pierrafeu), the Jetsons, de Scoobi-Doo an dem Yogi Bear. 1955 huet e mam Barbera d'Hanna-Barbera-Studioe gegrënnt.
De Joseph Barbera ass den 18. Dezember 2006 am Alter vu 95 Joer zu Los Angeles gestuerwen, fënnef Joer no sengem Kolleeg William Hanna.
Zu Jette, an der Haaptstadregioun Bréissel, gëtt et eng Strooss "Clos Tom et Jerry".
Commons: Joseph Barbera – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Joseph Barbera, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.