De Jochen Herling, gebuer de 14.
Abrëll">14. Abrëll 1943 zu Braunschweig, a gestuerwen de 27. Dezember 2021 war e Beruffsfotograf, Auteur a passionéierte Sammler vu Konschtwierker.
Jochen Herling | |
---|---|
Gebuer | 14. Abrëll 1943 Braunschweig |
Gestuerwen | 27. Dezember 2021 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Fotograf |
Säi Studium huet hien un der Fachhéichschoul zu Braunschweig 1962 ofgeschloss. 1963 huet et hien op Lëtzebuerg gefouert, wou hien eng Ustellung als Fotoreporter bei der Lëtzebuerger Illustréiert Revue krut, wou hie bis 1980 geschafft huet.
Vun 1963 bis 1981 huet hien déi Groussherzoglech Koppel, d'Groussherzogin Joséphine-Charlotte an de Groussherzog Jean, op verschiddene Staatsvisitte begleet, ë. a. a Russland, Tunesien, Groussbritannien, Senegal, China, Japan, Korea, Éisträich, an op d'Olympesch Spiller zu München an zu Montreal. 1979 war hie Matgrënner vun de Friends of Edward Steichen.
1980 huet hien déi Lëtzebuerger Nationalitéit duerch Naturalisatioun ugeholl.
1981 huet hie sech als Beruffsfotograf selbstänneg gemaach an huet zesumme mat senger Fra, d'Photo-Galerie 52 an der Stad Lëtzebuerg gegrënnt, déi si 4 Joer laang gefouert hunn. Ë. a. konnt hien do Originalfotoe vu sengem Virbild, dem Edward Steichen, ausstellen. Vun 1982 bis 2001 war hie Fotoreporter bei der Wochenzeitung d'Lëtzebuerger Land. Déi selwecht Period war hien och offizielle Fotograf vun der Groussherzoglecher Famill an och vum Service Information et Presse vum Staatsministère.
2016 huet hie seng ronn 300.000 Negativer der Fotothéik vun der Stad Lëtzebuerg vermaach.
De Jochen Herling war bestuet an hat 3 Kanner.
Commons: Jochen Herling – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Jochen Herling, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.