De Jean de La Fontaine, gebuer den 8.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem franséische Schrëftsteller. Fir de lëtzebuergesche Moler, kuckt wgl. Jean de la Fontaine. |
Juli">8. Juli 1621 zu Château-Thierry (Departement Aisne) a gestuerwen den 13. Abrëll 1695 zu Paräis, war e franséische Schrëftsteller. Hien zielt zu de grousse Klassiker vun der franséischer Literatur a Generatioune vu Schoulkanner hu mat senge Fabele Bekanntschaft gemaach.
Jean de La Fontaine | |
---|---|
Gebuer | 8. Juli 1621 Château-Thierry |
Gestuerwen | 13. Abrëll 1695 Paräis |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Fabeldichter, Dichter, Affekot, Kannerbuchauteur, Schrëftsteller, Dramatiker |
Member vun | Académie française |
Famill | |
Papp | Charles de La Fontaine |
No deenen engen odere anere Publikatiounen (dorënner Nouvelles tirées de Boccace et d'Arioste (1663; spéider zu Contes et nouvelles en vers erweidert) huet hien ëm 1665 ugefaangen, dat ze schreiwen, wat säin Haaptwierk sollt ginn, nämlech e Recueil vu Fabelen, dee 1668 fir d'éischt Kéier an zwéi Bänn ënner dem Titel Fables choisies, mises en vers par M. de La Fontaine erauskoumen. 1677 a 1679 koumen den 3. an de 4. Band no.
Den De La Fontaine huet weiderhin e klenge Roman, Les amours de Psyché et de Cupidon (1669) geschriwwen, d'Libretto zu der Oper Daphné (1674), dat de Jean-Baptiste Lully vertount huet, souwéi dat e puer Theaterstécker a Libretti, déi weider kee grousse Succès haten.
Commons: Jean de La Fontaine – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Jean de La Fontaine, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.