Eng Fabel ass eng kuerz Erzielung, dacks a Versform geschriwwen, déi en erzéiereschen Zweck erfëlle soll.
A ville Fäll sinn et Déieren, déi wéi Mënsche handelen a schwätzen, an zesoen all Fabelen hunn eng Moral, déi sech aus der Erzielung ofleede léisst, oder explizit um Schluss (méi seelen um Ufank) ausgedréckt gëtt. Allgemeng sinn et dacks zwee Charakteren, déi sech géintiwwer stinn, woubäi deen ee méi an deen anere manner gutt drun ass, wat duerch d'Handlung dann ëmgedréint gëtt.
Fabele gouf et schonn a Mesopotamien, viru 4000 Joer. Aus der Griichescher Antiquitéit sinn d'Fabele vum Hesiodot a vum Esop bekannt. An der Réimerzäit ware Fabelen an der Moud, vill griichescher goufen adaptéiert an ëmgeschriwwen.(Horaz, Phèdre, Flavius Avianus,...).
Och am Mëttelalter an an der Renaissance sinn d'Fabele beléift bliwwen, lues a lues goufen d'Fabelen dozou benotzt, gesellschaftlech Ëmstänn ze kritiséieren.
De Jean de La Fontaine war am 17. Joerhonnert dee bekanntste Fabeleschreiwert am franséischsproochege Raum, an huet munnech Auteuren dozou inspiréiert, och där ze schreiwen.
Bekannt Auteure vu Fabelen an anere Länner waren ë. a. de John Gay a Groussbritannien, den Tomás de Iriarte y Oropesa a Spuenien, de Gotthold Ephraim Lessing an Däitschland oder den Ignacy Krasicki a Polen.
Commons: Fables – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Fabel, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.