De Jean-Pierre Manternach, den 28.
Dezember">28. Dezember 1874 an der Fiels gebuer, den 13. Oktober 1952 zu Esch-Uelzecht gestuerwen, war e lëtzebuergesche Professer a Schouldirekter.
Jean-Pierre Manternach | |
---|---|
Gebuer | 28. Dezember 1874 |
Gestuerwen | 13. Oktober 1952 |
De J.P. Manternach huet am Oktober 1899 säin Doktorat an der Physik gemaach. No sengem Stage ass hien 1901 als Repetent an d'Escher Industrieschoul komm, wou hien am Januar 1904 seng Nominatioun als Professer krut.
Den 30. Mee 1925 ass hien Direkter vun der Industrieschoul zu Esch ginn; den 22. Dezember 1939 goung hien an d'Pensioun.
De J.P. Manternach war vun 1910 bis 1919 Gerant vum Escher Elektrizitéitswierk.
Hien ass 1926 "membre correspondant" an 1945 "membre effectif" vun der Section des sciences vum Institut grand-ducal ginn.
Hien huet eng Rei vun Artikelen iwwer physikalesch a pedagogesch Sujete publizéiert.
Hie war President vum Verwaltungsrot vun der Ausstellung 'Le Luxembourg au Travail', déi vun der Escher Sektioun vun der 'Fédération Luxembourgeoise des Commerçants' vum 13. bis de 27. August 1950 zu Esch-Uelzecht organiséiert gouf.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Jean-Pierre Manternach, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.