Den James Alan Hetfield, gebuer den 3.
August">3. August 1963 zu Downey, Kalifornien ass een US-amerikanesche Museker. Hien ass de Grënner, Sänger an zweete Gittarist vun der Metal-Band Metallica.
James Hetfield | |
---|---|
Gebuer | 3. August 1963 Downey |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Gittarist, Sänger, Komponist, Liddertexter |
Member vun | Metallica |
Als Kand huet hien ugefaange Piano ze spillen. Duerno Batterie bis hie schlussendlech d'Gittar entdeckt huet. Nodeem hie mat e puer Kolleegen d'Band Obsession gegrënnt hat, wollt hie Rockstar ginn. Dunn ass d'Famill awer geplënnert an hien huet mat neie Kolleegen d'Band Phantom Lord gegrënnt.
Wéi hie mat der Schoul fäerdeg war, ass hie mat sengem Kolleeg Ron McGovney zeréck op Downey geplënnert an huet sech no enger neier Band ëmgekuckt. An der Zeitung huet hien eng Annonce fonnt vum Batteur Lars Ulrich, deen och eng Band grënne wollt. Den Hetfield huet sech als eenzegen dorop gemellt a sou hu se no engem knappse Joer d'Band Metallica gegrënnt. Am Géigesaz zu Obsession a Phantom Lord war Metallica ee groussen Erfolleg an dem Hetfield seng Carrière huet sech ëmmer weiderentwéckelt.
Den Hetfield schreift haaptsächlech d'Liddertexter, woubäi hie sech gär vu Bicher oder Filmer inspiréiere léisst. Obwuel nëmmen zweete Gittarist, schätze munnech Leit hie méi wéi de "Lead-Gittarist" Kirk Hammett.
Bei engem Concert 1992 zu Montréal huet hie sech, wärend dem Intro vu Fade To Black, un der Pyrotechnik verbrannt an huet missen an d'Spidol ageliwwert ginn, wourop de Concert ofgebrach gouf. Kuerz virun der Opnam vu St. Anger huet hien eng Behandlung géint seng Alkohol-Sucht gemaach.
Commons: James Hetfield – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article James Hetfield, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.