Iechternacher Verschéinerungsveräin

Den Iechternacher Verschéinerungsveräin (Société d'embellissement d'Echternach, Echternacher Verschönerungsverein) ass den Iechternacher Syndicat d'initiative et de tourisme.

1880 gegrënnt

Der Iwwerliwwerung no wier den Iechternacher Verschéinerungsveräin ëm 1876, spéitstens 1877 entstanen. Hien huet 1927 seng fofzeg, 1952 seng fënnefasiwwenzeg, 1977 seng honnert an 2012 seng 135 Joer gefeiert. A Wierklechkeet ass de Veräin awer eréischt 1880 gegrënnt ginn. De ganz geneeën Datum ass net kloer beluecht, aus enger Zeitungsnotiz, déi den 21. Juli 1880 geschriwwe gouf, geet awer ervir, datt de Veräi sech an deem Moment scho gebilt hat oder op d'mannst am Gaang war sech ze bilden. Jiddefalls hat do schonn eng éischt Versammlung stattfonnt an den 9. August 1880 war déi zweet. Den 13. August war eng Generalversammlung, wou d'Statuten, déi den 29. August 1880 am "Echternacher Anzeiger" publizéiert goufen, ugeholl gi sinn. Den 10. Oktober 1880 huet de Comité den "directeur général" (Minister) Paul Eyschen, dee sech staark fir den touristeschen Ausbau vun der Iechternacher Géigend agesat huet, offiziell vun der Existenz vum Veräin a Kenntnes gesat. Am éischte Comité waren: Jean-Baptiste Dupont, President; Michel Dondelinger, Vizepresident; Victor Dondelinger, Sekretär; Henri Raach, Caissier; Louis Baldauf, A. Reinstadler, Joseph Speck, Memberen.

Éischt Aarbechten

Den Iechternacher Verschéinerungsveräin, deen den éischten "Syndicat d'initiative" zu Lëtzebuerg war, huet sech direkt druginn an huet nach am Laf vum Joer 1880 de Bau vun engem Pavillon um "Trooskneppchen" an d'Wee geleet, 1881 huet hien d'Promenade vum “Trooskneppchen” duerch d'Wollefsschlucht bis an d'Äsbech ugeluecht.

1901 huet den Iechternacher Verschéinerungsveräin zesumme mat der "Ortsgruppe Bollendorf" vum "Eifelverein" op der däitscher Säit d'Liborius-Kapell um Ernzerbierg, déi an der Zäit vun der franséischer Revolutioun zerstéiert gi war, no engem Plang vum Lëtzebuerger Staatsarchitekt Karl Arendt nei opgebaut.

Presidenten

D'Presidente vum Verschéinerungsveräi waren (Dauer vum Mandat a Klameren):

Literatur

Referenzen

Um Spaweck

Tags:

Iechternacher Verschéinerungsveräin 1880 gegrënntIechternacher Verschéinerungsveräin Éischt AarbechtenIechternacher Verschéinerungsveräin PresidentenIechternacher Verschéinerungsveräin LiteraturIechternacher Verschéinerungsveräin Um SpaweckIechternacher VerschéinerungsveräinIechternachSyndicat d'initiative et de tourisme

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Albert BorschetteBëschofAli RuckertWolodymyr SelenskyjLëscht vun de lëtzebuergesche Bäiträg beim Eurovision Song ContestHoratio NelsonAinhoa AchuteguiMëttelamerikaPersesche GolfGemeng HeischentElblingErmesinde vu LëtzebuergStëbssuckelerEise PappNathalie Reuter (Journalistin)Elisabeth MargueKrichGréiwelsMonumenter vum Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg (L)MazedoneschBenny BergNeptun (Planéit)FeilZweete WeltkrichRaymond ClementCharles MarxAmalia vu Sachsen-Weimar-EisenachKréischelenBud LuckeySingapur (Republik)MeubertCQ (Film)Antoine JansCathy Clement1968Claude ChristnachFranséische PällemZesummen - d'Bréck1991Lëtzebuergesch KichespezialitéitenYouTubeHei elei, kuck eleiErnest Arendt (Affekot)Debora PattaDieter DAthénée de LuxembourgBlue (Film 1968)Comité flamand de FranceCôte de La RedouteGemeng WolzWeltgesondheetsorganisatiounKulturzentrum KulturfabrikJean-Antoine ZinnenDomaine publicHypertext Transfer ProtocolPablo EscobarLëtzebuergeschVergewaltegungPit RomersaAkustesche BassVulvaFluchhafe LëtzebuergLëtzebuerger Filmpräis 2021BleachJeff SeylerLëscht vun de lëtzebuergesche RiedensaartenVerluerekaschtDagestanChristian WeisHochzäitsnuechtLucien Czuga🡆 More