Hémecht - Revue d'histoire luxembourgeoise - Zeitschrift für Luxemburger Geschichte ass eng lëtzebuergesch Zäitschrëft iwwer d'Geschicht, virun allem vu Lëtzebuerg an der Groussregioun, déi véiermol am Joer erauskënnt.
Nieft geschichtleche Sujete fënnt een der och iwwer Archeologie, Genealogie, Heraldik, Numismatik, Soziologie, asw.
D'Membere vum aktuelle Redaktiounscomité (2020) sinn: Andrea Binsfeld, Paul Dostert, Sonja Kmec, Benoît Majerus, Jean-Marie Majerus, Claudine Moulin a Michel Pauly. All Manuskripter gi vun engem wëssenschaftleche Comité evaluéiert ier se publizéiert ginn.
D'Hémecht gouf 1895 vum Martin Blum an dem Charles Müllendorff ënner dem Numm Ons Hémecht gegrënnt. 1948 gouf et en neien Ulaf vun der Zäitschrëft ënner dem Titel T Hémecht. Vun 1948 bis 1963 sinn ënner deem Titel 15 Joergäng erauskomm. Zanter 1964 dréit se den haitegen Numm Hémecht.
Haaptredaktere ware vun 1963 bis 1983 de Joseph Maertz a vun 1983 bis 2011 de Paul Margue.,
Am Januar 2012 huet e Redaktiounscomité vu véier Memberen d'Leedung vun der Zäitschrëft iwwerholl. Deen 'neie' Redaktiounscomité an déi méi breet Ausriichtung vun der Zäitschrëft goufen de 16. Januar 2012 der Ëffentlechkeet virgestallt.
Vun 1948 bis 2011 gouf an der Hémecht all Joer d'Bibliographie d'histoire luxembourgeoise publizéiert. Zanterhier gëtt et als Bibliographie zu lëtzebuergesche Geschichtstheme just nach déi betreffend Rubrik an der Online-Nationalbibliographie vun der Nationalbibliothéik, déi awer manner ausféierlech ass, wéi et déi vun der Hémecht war.
De 25. Mäerz 2020, am Kontext vun der COVID-19-Pandemie, huet d'Nationalbibliothéik decidéiert all Verëffentlechunge vun der Hémecht vun 1895 bis 2015 gratis am Internet op eluxemburgensia.lu zougänglech ze maachen.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Hémecht, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.