De Christian Johann Heinrich Heine, gebuer den 13.
Dëse Literaturartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Dezember">13. Dezember 1797 als Harry Heine zu Düsseldorf, a gestuerwen de 17. Februar 1856 zu Paräis, war en däitschen Dichter, Schrëftsteller a Journalist. Hie war eee vun de bedeitendsten däitschen Auteure vum 19. Joerhonnert.
Heinrich Heine | |
---|---|
Gebuer | 13. Dezember 1797 Düsseldorf |
Gestuerwen | 17. Februar 1856 Paräis |
Nationalitéit | Kinnekräich Preisen, Frankräich |
Educatioun | Universitéit Bonn, Universitéit Göttingen, Humboldt-Universitéit Berlin |
Aktivitéit | Dichter, Schrëftsteller, Journalist, Literaturkritiker, Juristesche Schrëftsteller, Essayist |
Den Heinrich Heine gëlt als ee vun de leschte Representante vun der Romantik (gläichzäiteg och als een, deen s'iwwerwonnen huet). Hien huet d'Ëmgangssprooch lyrikfäeg gemaach, huet d'Feuilleton an de Reesreportage zu enger Konschtform erhuewen an huet eng elegant Liichtegkeet an déi däitschsproocheg Literatur erabruecht, déi et esou virdrun nach net gouf. Seng Wierker goufe bis haut esou dacks iwwersat a vertount wéi vu kaum engem aneren däitschsproochegen Dichter. Als kriteschen, politesch engagéierte Journalist, Essayist, Satiriker a Polemiker gouf den Heine grad esou bewonnert wéi gefaart. Dat war mat ee Grond firwat seng Texter am Däitsche Bond net hunn dierfe publizéiert ginn, sou dass hien déi zweet Hallschecht vu sengem Liewen zu Paräis am Exil huet misse verbréngen.
Wéinst senge jiddeschen Originnen a senge politesche Meenunge gouf hien iwwert den Doud eraus vun Antisemiten an Nationalisten ugegraff. Seng Roll als Aussesäiter war determinant fir säi Liewen, säi Wierk a fir d'Rezeptioun dovun.
Zu senge bekanntsten Texter zielen d'Gedicht Die Lorelei an Deutschland, ein Wintermärchen.
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Commons: Heinrich Heine – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Heinrich Heine, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.