Den Tempel Harmandir Sahib oder Hari Mandir (Punjabi: ਹਰਿਮੰਦਰ ਸਾਹਿਬ) ass dat wichtegst Hellegtum vun de Sikhs an dofir eng wichteg Pilgerplaz.
Bis 2005 gouf en och de Gëllenen Tempel genannt. E steet zu Amritsar, am indeschen Bundesstaat Punjab.
Am Ufank war do, wou den Tempel steet, e klenge Séi, ronderëm deen e Bësch war. De Séi gouf vergréissert, an eng kleng Siidlung huet sech ënner dem 4. Sikh-Guru Ram Das (1574-1581) do installéiert. Den Tempel gouf ënner der Leedung vum fënnefte Guru Arjan (1581-1606) gebaut.
Haut ass ronderëm den Tempel de klenge Sarovarséi. Den Tempel huet véier Entréeën, déi d'Wichtegkeet vun der Oppenheet symboliséieren. Den Tempel ass op fir Mënsche vun all Relioun.
E groussen Deel vun der vergëllenter Dekoratioun ass vum Ufank vum 19. Joerhonnert.
Commons: Harmandir Sahib – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Harmandir Sahib, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.