Gérard Schockmel: Lëtzebuergeschen Dokter a Politiker

De Gérard Alphonse Schockmel, gebuer den 9.

Mäerz">9. Mäerz 1961, ass e lëtzebuergeschen Dokter, Fuerscher a Politiker (DP).

Gérard Schockmel
Gérard Schockmel: Berufflech Karriär, Politesch Karriär, Um Spaweck
Gebuer 9. Mäerz 1961
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Lycée Hubert-Clément,
Universitéit vu Léiwen,
Universitéit Wien,
Medizinische Hochschule Hannover,
University of Oxford,
Universitéitsspidol Zürich,
Universitéitsspideeler vu Genève
Aktivitéit Dokter, Fuerscher, Politiker
Partei Demokratesch Partei
Gérard Schockmel: Berufflech Karriär, Politesch Karriär, Um Spaweck

Berufflech Karriär

Nodeems de Gérard Schockmel seng Première 1981 zu Esch am Lycée Hubert-Clément gemaach hat, huet hie säi Studium 1981-1982 op der Université catholique de Louvain ugefaangen. Vun do aus goung hien op Wien, wou en 1988 säin Doktertitel an der Medezin (MD) krut. No engem Joer vun experimenteller Fuerschung (1986-1987) op der Medizinische Hochschule Hannover ass hien op d'Universitéit Oxford gaangen (1988-1992) wou hien an der molekularer HIV-Fuerschung aktiv war a säi Studium mat engem Fuerschungsdoktorat ofgeschloss huet (Ph. D.).

De Gérard Schockmel ass e Spezialist fir Infektiounskrankheeten esou wéi an der Médecine interne. Hien huet sech a senger Fuerschung gréisstendeels mat RNA-Vire beschäftegt, haaptsächlech op den Universitéite vun Oxford a Genève. Am Laboratoire fir Virologie vun den Universitéitsspideeler vu Genève war hien un der Entwécklung vun engem héichsensibelen Test fir d'Detektioun vun HIV-RNA am Plasma bedeelegt, deen duerno den internationale Standard fir de Management vun der antiviraler Therapie bei HIV-infizéierte Persoune gouf.

De Gérard Schockmel huet e puer Joer vu senger Karriär an der pharmazeutescher Industrie geschafft, absënns zu Basel bei der F. Hoffmann-La Roche AG a bei Basilea Pharmaceutica.

Zu Lëtzebuerg war hien an den Hôpitaux Robert Schuman responsabel fir de multidisziplinäre Laboratoire a fir d'Unitéit vun der Infektiounspreventioun.

Wärend der Covid-19 Pandemie hat de Gérard Schockmel reegelméisseg Optrëtter op der Televisioun an um Radio. Hie gouf allgemeng bekannt duerch seng Bäiträg a seng Webinare mat de Schwéierpunkten Impfung, Preventioun, Diagnos a Behandlung.

Politesch Karriär

2023 huet hie fir d'Chamberwale kandidéiert a gouf fir d'DP am Bezierk Zentrum an d'Chamber gewielt.

Um Spaweck

Referenzen an Notten

  • Quell vum Artikel, wou net anescht uginn: perséinlech Informatioune vum Titulaire

Tags:

Gérard Schockmel Berufflech KarriärGérard Schockmel Politesch KarriärGérard Schockmel Um SpaweckGérard Schockmel19619. MäerzDemokratesch ParteiDokterFuerschungPolitiker

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Cheemesch Formel1827Laurent MosarGuy RewenigIrlandSéisselWestafrikaMartine DeprezKontraktMichel GehrendKlimaISBNReliounHarfKarl MarxSimbabweHauskazJoerMobil ApplikatiounC++NicoolHousekerGesondheetDemokratesch ParteiRiedelenBruttoinlandsproduktJapanGemeng MäertertMichel PolferClaude RederGemeng DippechLëtzebuerger NationalfeierdagStëbssuckelerPasserelle des ArtsLeipzigGréiwelsKleeschenLëscht vun de Lëtzebuerger StiedNMargréitchenFelipe I. vu KastilienJean NicolasIvan BassoJean-Pierre AdamA Wopbopaloobop A LopbamboomSchëld E, 21eKonschtLiège-Bastogne-Liège 2019Foussball-Weltmeeschterschaft 2002Lycée Josy-Barthel MamerLëscht vun de Weekräizer zu Lëtzebuerg19. Abrëll1191Paul RicoeurLëscht vun de Vullen zu LëtzebuergOstblockSowjetunioun2016KlierfZentralasienCFL 5519MisärsbréckJoseph KutterSiegfried I. vu LëtzebuergLëscht vu lëtzebuergesche KonschtschafendenLaos20091986🡆 More