D'Gemeng Waldbriedemes ass eng fréier lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Réimech, déi op den 1.
September 2023 mat der Gemeng Bous zu der Gemeng Bous-Waldbriedemes fusionéiert ass.
Gemeng Waldbriedemes | |
---|---|
D'Märei vu Waldbriedemes zu Trënteng | |
An anere Sproochen | fr: Waldbredimus de: Waldbredimus |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Kanton Réimech |
Chef-lieu | Trënteng |
Buergermeeschter | Thomas Wolter |
Awunner | 1.337 |
1. Januar 2023 | |
Fläch | 1.257 ha |
Héicht | 182 m |
Koordinaten | 49° 33’ 25’’ N 06° 17’ 15’’ O |
LAU-Code | LU1208 |
Websäit | http://www.waldbredimus.lu/ |
De Chef-lieu vun der Gemeng war d'Uertschaft Waldbriedemes, vun där se och hiren Numm hat.
Ierseng - Réid - Trënteng - Waldbriedemes
Gondel - Gondeler Millen
Quell:STATEC
De Gemengerot vun der Gemeng Waldbriedemes gouf nom Majorzsystem gewielt.
Zanter 2018 gouf et Pläng datt d'Gemeng Waldbriedemes mat där vu Bous kéint fusionéieren. De Referendum dozou, deen den 3. Abrëll 2022 an den zwou Gemengen organiséiert gouf, ass positiv ausgaangen, mat 73,6 Prozent vun de Wieler zu Waldbriedemes, déi dofir gewielt hunn (zu Bous waren et der 56,8 Prozent). Dat fréiert Paschtoueschhaus vu Waldbriedemes soll déi nei Märei ginn.. Eng Zäitche waren och d'Gemenge Réimech a Stadbriedemes intresséiert, fir bei där Fusioun matzemaachen; doraus ass awer näischt ginn.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Gemeng Bous-Waldbriedemes.
Beschreiwung: d'argent à deux sceptres doublement fleurdelisés de sable posés en sautoir, à la croix de gueueles brochant chargés d'une croix ancrée d'or D.C. 2. Mäerz 1982 - A.M. 9. Juni 1983 - Mémorial B 1983, Säit 722 - Projet: Jean-Claude Loutsch 1981 De Wopen ass a véier gedeelt well d'Gemeng fréier zum Besëtz vu véier Kléischter gehéiert huet an zwar Sankt Maximin vun Tréier, Mäjendall, Mënster a Bouneweg. Dat gëllent Ankerkräiz op rout kënnt aus de Wope vun den Häre vu Buerschent a vu Pëtten déi Geriichtshären zu Waldbriedemes waren. Déi gekräizt Zepteren kommen aus dem Wope vun der Famill de Wiltheim där déi verschidden Uertschaften an der Gemeng gehéiert hunn. D'Gemeng Waldbriedemes huet zu den éischte Gemenge gehéiert déi am Ufank vum 19. Joerhonnert gegrënnt goufen. |
D'Gemeng Waldbriedemes war Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
D'Gemengeblat vu Waldbriedemes huet Nouvellen aus eiser Gemeng geheescht.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Gemeng Waldbriedemes, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.