Gemeng Bous-Waldbriedemes: Lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Réimech

D'Gemeng Bous-Waldbriedemes (offiziell commune Bous-Waldbredimus) ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen a läit am Kanton Réimech.

Si ass den 1. September 2023 aus der Fusioun vun de Gemenge Bous a Waldbriedemes entstanen.

Gemeng Bous-Waldbriedemes
Gemeng Bous-Waldbriedemes: Geschicht[4], Geographie, Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng
De Veräinsbau Jos Rennel (Mee 2023) wou déi nei Märei soll gebaut ginn
An anere Sproochen fr: Bous-Waldbredimus
de: Bous-Waldbredimus
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Réimech
Chef-lieu Bous
Buergermeeschter Toto Da Costa Araujo
Fläch 2.799,3017 ha
Koordinaten 49°33'30"N, 6°18'30"O
LAU-Code LU1209
Websäit bouswaldbredimus.lu
Gemeng Bous-Waldbriedemes: Geschicht[4], Geographie, Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng
Gemeng Bous-Waldbriedemes: Geschicht[4], Geographie, Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng
Gemeng Bous-Waldbriedemes: Geschicht[4], Geographie, Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng
Dat aalt Paschtoueschhaus vu Waldbriedemes dat uganks als nei Märei ëmgebaut sollt ginn.

De Chef-lieu vun der Gemeng ass uganks d'Uertschaft Bous, bis déi nei Märei zu Waldbriedemes fäerdeg ass. Uganks war geplangt, dat aalt Paschtoueschhaus als Märei ëmzebauen, Enn 2022 ass dunn awer festgehale ginn, eng nei Märei um Terrain vum Veräinsbau Jos Rennel ze bauen.

Geschicht

Am Sënn vun enger besserer Entwécklung vun de jeeweilege Gemengen, absënns wat d'ëffentlech Servicer, d'Schafe vu kommunalen Infrastrukturen an eng performant Verwaltung ugeet, hunn d'Schäfferéit vu Bous a Waldbriedemes am Joer 2019 mat de Sondéierungsgespréicher iwwer eng eventuell Fusioun ugefaangen. Do dernieft géif d'Fusioun och finanziell Avantagë mat sech bréngen: engersäits kritt d'Fusiounsgemeng e Subsid vum Staat an anersäits ginn och aner finanziell Leeschtunge vum Staat fir eng Gemeng mat enger gewësser Gréisst méi grouss. Béid Gemengen hunn och an der Vergaangenheet schonn a verschiddene Syndikater zesummegeschafft, wéi z. B. am SIAER, SIAS, SIDERE, SIDEST, SIGI, SIGRE a SYVICOL.

De 6. September 2018 an de 4. Oktober 2018 hu béid Gemengeréit decidéiert datt d'Fusiounsgespréicher ufänke sollten an den 20. Mee 2021 sinn dem Inneminister déi detailléiert Modalitéite fir d'Fusioun presentéiert ginn. Am November 2021 hunn déi zwéi Gemengeréit festgehalen, datt d'Bevëlkerung mat engem Referendum iwwer d'Fusioun ofstëmme soll. Beim Referendum, deen an den zwou Gemengen den 3. Abrëll 2022 ofgehale gouf, haten zu Bous 57% an zu Waldbriedemes 75% vun de Wieler fir eng Fusioun gestëmmt. Am Vott a béide Gemengeréit (den 28. Abrëll 2022 zu Bous an de 5. Mee zu Waldbriedemes) gouf sech dunn definitiv drop gëeenegt, ze fusionéieren.

D'Gesetz dozou gouf den 8. Februar 2023 an der Chamber gestëmmt.

De Gemengerot vun der neier Gemeng gëtt bei de Gemengerotswale vum 11. Juni 2023 gewielt, a funktionéiert vum 1. September 2023 un.

Finanziellen Impakt vun der Fusioun

De Staat bezilt der neier Gemeng e Subsid op Basis vun der Awunnerzuel op den 31. August 2023. Geschat gëtt e Montant vu 6,57 Milliounen Euro.

Geographie

Déi nei Gemeng ass flächeméisseg déi zweetgréisst Gemeng am Réimecher Kanton, mat ronn 3.000 Awunner, opgedeelt op 8 Dierfer.

Se grenzt am Nordwesten un d'Gemeng Conter (Kanton Lëtzebuerg) an dann, am Sënn vun der Auer, u follgend Gemengen aus dem Kanton Réimech: Lenneng, Stadbriedemes, Réimech, Schengen an Duelem.

Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng

Uertschaften

Lieu-diten

  • Emeringerhaff
  • Gondel
  • Heesberhaff
  • Herdermillen
  • Scheierbierg

Entwécklung vun der Awunnerzuel

Politik

Am Ufank besteet de Schäfferot vun der Fusiounsgemeng aus engem Buergermeeschter an dräi Schäffen, woubäi et jeeweils zwéi Memberen aus all Walsektioun (Bous a Waldbriedemes) musse sinn. Am Gemengerot sinn eelef Conseilleren, sechs Membere aus der Sektioun Bous an der fënnef vu Waldbriedemes.

No de Gemengewale vun 2029 zielen dann déi üblech Zuele wéi et am Gemengegesetz virgesinn ass.

Buergermeeschteren

  • zanter 2023: Toto Da Costa Araujo

Perséinlechkeeten

Kuckeswäertes

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Gemeng Bous-Waldbriedemes – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

Tags:

Gemeng Bous-Waldbriedemes Geschicht[4]Gemeng Bous-Waldbriedemes GeographieGemeng Bous-Waldbriedemes Uertschaften a Lieu-diten an der GemengGemeng Bous-Waldbriedemes Entwécklung vun der AwunnerzuelGemeng Bous-Waldbriedemes PolitikGemeng Bous-Waldbriedemes PerséinlechkeetenGemeng Bous-Waldbriedemes KuckeswäertesGemeng Bous-Waldbriedemes Kuckt ochGemeng Bous-Waldbriedemes Um SpaweckGemeng Bous-Waldbriedemes1. September2023Entwécklung vun der Gemengenzuel zu LëtzebuergGemeng (Lëtzebuerg)Gemeng BousGemeng WaldbriedemesKanton RéimechLëtzebuerg (Land)

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

11. September5. AugustLëscht vu lëtzebuergesche Rockgruppen2003Félix KochArabesch2451680Don AmecheMars Science LaboratoryGustav FröhlichAlbert EinsteinPlanetareschen NiwwelBoston21. JoerhonnertJuddentumPolvermillenKathoulesch Kierch1942Regierung Frieden-BettelBruttoinlandsproduktCharlotte GainsbourgLuxemburger WortInstitut national pour le patrimoine architectural19. JoerhonnertDwight D. EisenhowerAustralienGazasträif6. Juni6. OktoberBlue (Film 1968)MediaWikiDomaine publicSchëld B, 6NGC 19MuttergottesoktavBiergkarabach1870Jean-Pierre Schmit (Komponist)Fräi SoftwareFrederic Forrest2000NordirlandISO 3166-128. Mäerz800Joseph-Émile Muller25. FebruarInternetLycée ErmesindeAlexei Anatoljewitsch Nawalny1838Bibliothèque nationale de France29. Januar2005BiergNGC 1681Dresden27. OktoberNupediaMolereiMathematikerBëschofParlamentVolleksrepublik ChinaSchaltjoer🡆 More