D'Gemeng Fréiseng ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen.
Se läit am Kanton Esch-Uelzecht. De Chef-lieu, no deem se genannt ass, ass Fréiseng.
Gemeng Fréiseng | |
---|---|
d'Fréisenger Märei (2023) | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen | fr: Frisange de: Frisingen |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Kanton Esch-Uelzecht |
Buergermeeschter | Roger Beissel |
Awunner | 4.912 |
1. Januar 2023 | |
Fläch | 1.843 ha |
Héicht | 262 m |
Koordinaten | 49° 30’ 57’’ N 06° 11’ 16’’ O |
LAU-Code | LU0205 |
Websäit | https://frisange.lu/ |
Uertschaften an der Gemeng |
D'Gemeng Fréiseng läit am Süde vu Lëtzebuerg a gehéiert zum Kanton Esch-Uelzecht. D'Nopeschgemenge vu Fréiseng si Réiser, Weiler-la-Tour an Duelem. Am Süde grenzt Fréiseng un dat franséischt Departement Moselle (Loutrengen). D'Landschaft vun der Gemeng besteet gréisstendeels aus Wisen a Felder, vereenzelt awer och Bëscher. D'Albaach eng vun de Quellbaache vun der Gander entspréngt bei Helleng, fléisst a Richtung Osten duerch Fréiseng an Uespelt.
Duerch d'Gemeng Fréiseng leeft d'Nationalstrooss N3, déi op hirer ganzer Längt zu der Voie de la Liberté gehéiert, d'Nationalstrooss N13 an d'Autobunn A13 (Saarautobunn).
Quell:STATEC
Beschreiwung am Originaltext: Tiercé en pairle; à dextre d'azur à la demi-aigle d'argent, à senestre d'or à la demi-aigle de sable, au chef du même chargé de deux crosses d'abbé adossées mises en pal, mouvant de la partition, celle de dextre d'or, celle de senestre d'argent. |
De Gemengerot vu Fréiseng gëtt zanter 2011 nom Proporzsystem gewielt. E setzt sech aus 11 Conseilleren zesummen.
D'Majoritéitskoalitioun am Gemengerot ass fett geschriwwen
Joer | Är Equipe | CSV | DP | LSAP |
---|---|---|---|---|
2011 | 5 | 4 | 2 | |
2017 | 5 | 3 | 1 | 2 |
2023 | 5 | 2 | 2 | 2 |
Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
D'Gemeng Fréiseng ass zanter 2004 mat der franséischer Gemeng Saint-Julien de Coppel am Departement Puy-de-Dôme jumeléiert.
Commons: Fréiseng – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Gemeng Fréiseng, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.