De Francisco de Goya (Francisco José de Goya y Lucientes), gebuer den 30.
Dëse Molereisartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Mäerz">30. Mäerz 1746 zu Fuendetodos, am Aragón a gestuerwen de 16. Abrëll 1828 zu Bordeaux, war e spuenesche Moler a Graphiker.
Francisco de Goya | |
---|---|
Gebuer | 30. Mäerz 1746 Fuendetodos |
Gestuerwen | 16. Abrëll 1828 Bordeaux |
Nationalitéit | Spuenien |
Aktivitéit | Moler, Graveur, Aquafortist, Zeechner |
Famill | |
Papp | José Benito de Goya y Franque |
Mamm | Gracia de Lucientes y Salvador |
1746 gouf de Goya als Jong vum José Goya a vun der Engracia Lucientes zu Fuendetodos bei Saragossa gebuer.
De Goya huet fir d'éischt beim José Luzan zu Saragossa geléiert, duerno ass hien an Italie gaangen an huet do wärend senger Léierzäit d'Technik vun der Freskemolerei studéiert. 1771 ass hien erëm komm an huet sech zu Madrid installéiert.
1775 huet hie sech mat der Josefa Bayeu bestuet.
Vun 1776 un huet de Goya fir den Anton Raphael Mengs Teppecher entworf an déi deemoleg Palaisen El Prado an El Escorial dekoréiert.
Gläichzäiteg war de Goya Portraitist vum spueneschen Haff an huet do beim Adel Carrière gemaach. Hie gouf Member, duerno Direkter vun der kinneklecher Akademie a 1786 Moler vum Kinnek.
1792 huet hien duerch eng schwéier Krankheet säi Gehéier verluer.
Spuenien stoung vun 1808 bis 1814 ënner napoleonescher Herrschaft. Aus Angscht viru politescher Verfollgung vun der restauréierter spuenescher Monarchie, geet de liberale Goya 1824 an den Exil a Frankräich.
De 16. Abrëll 1828 stierft hien zu Bordeaux.
Commons: Francisco de Goya – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Francisco de Goya, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.