Dëse Geographiesartikel iwwer Südamerika ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Falkland Inselen (och Malwinen, Englesch Falkland Islands, Spuenesch Islas Malvinas) sinn eng Inselgrupp am südlechen Atlantik. Si gehéiere geographesch zu Südamerika a leie 600 bis 800 km ëstlech vu Südargentinien an dem Feierland bei 52° Süd a 59° West. D'Falkland Insele sinn e brittescht Iwwerséigebitt. Zanter 1833 gëtt hire Besëtz awer vun Argentinie revendiquéiert.
Falkland Islands Falkland Inselen | |||||
| |||||
National Devise: „Desire the Right“ (Begier dat wat richteg ass) | |||||
Offiziell Sprooch: | Englesch | ||||
Haaptstad: | Stanley | ||||
Staatsform: | Brittescht Iwwerséigebitt | ||||
• Landeschef: | Elisabeth II., vertratt duerch de Gouverneur Nigel Haywood | ||||
• Chief executive: | Keith Padgett | ||||
Fläch: | 12.173 km² | ||||
Bevëlkerung: | 2.955 (Stand: Mäerz 2007) + ongeféier 1.700 stationéiert Zaldoten | ||||
Nationalhymn: | God Save the King | ||||
Wärung: | Falkland-Pond | ||||
Zäitzon: | UTC UTC -4 | ||||
Internet TLD: | .fk | ||||
Internationalen Telefonsprefix: | +500 |
1982 koum et no enger argentinescher Invasioun zum Krich mat dem Vereenegte Kinnekräich, dee mat enger argentinescher Néierlag op en Enn goung. Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Falklandkrich.
D'Falkland Insele bestinn aus ongeféier 200 Inselen, vun deene Westfalkland an Ostfalkland mat jee ronn 6.000 km² déi wichtegst sinn. Den nërdlechen Deel vun den zwou Haaptinsele ass all Kéier vun Hiwwelketten iwwerzunn. Si verlafen a West-Ost-Richtung an erreeche mam Mount Usborne (Spuenesch Cerro Alberdi) op Ostfalkland 708 m Héicht hiren héchste Punkt.
D'Landschaft vun de Falkland Insele vun haut gouf an der Äiszäit duerch Gletschere forméiert.
Aner Inselen:
Commons: Falkland Inselen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Falkland Inselen, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.