Den Edouard Kohl, genannt Ed Kohl, gebuer den 19.
August">19. August 1934 zu Rodange a gestuerwen de 27. Januar 2024, war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter, Filmpedagog, Theaterkritiker a Regisseur. Hien ass e Brudder vum Moler a Sculpteur Charles Kohl.
Edouard Kohl |
---|
D'Primärschoul huet en zu Rodange gemaach, duerno de Kolléisch an der Stad an d'Ausbildung zum Schoulmeeschter. Déi éischt Aarbechtsplaze waren zu Rodange an zu Schuller. Hie wollt awer senge Schoulkanner eng besser Ausbildung erméiglechen an huet den deemolege Schoulminister Emile Schaus iwwerzeegt kritt fir hie vun 1960 bis 1962 zu Paräis op der "Ecole normale supérieure de Saint-Cloud" Filmpedagogik studéieren ze loossen. Zousätzlech dozou huet de Kulturminister Pierre Grégoire him eng zousätzlech Weiderbildung zu Paräis um "Institut des hautes études cinématographiques" erméiglecht.
No dem Studium zu Paräis war den Ed Kohl en etlech Joer Schoulmeeschter an der Haaptstad an huet gläichzäiteg als Filmpedagog geschafft. 1968 huet en d'Direktioun vum 1945 gegrënnten "Office du film scolaire" zu Walfer iwwerholl deen 1993 a "Centre des technologies de l’éducation" ëmbenannt gouf. Hien huet do d'Auswiel vu Filmer fir all d'Schoulen am Land gemaach an d'Ausléinen organiséiert. 1998 ass en an d'Pensioun gaang.
Nieft deem Film war den Ed Kohl awer och staark um Theater an un "Hörspiel" interesséiert. Beim RTL-UKW Hörspielpräis (Prix Michel Rodange) huet en 1954 mat "Hues du deng Mamm nach?" den zweete Präis gewonnen an 1961 huet e beim Hörspielpräis (Prix Marcel Reuland) mat "Matricule 340902" och den zweete Präis kritt. Fir de Radio huet e Märercher vum Hans Christian Andersen op Lëtzebuergesch iwwersat an Erzielunge fir d'RTL-Kannersendunge geschriwwen.
Iwwer Film an Theater huet hie Kriticke fir d'Wochenzeitung D'Lëtzebuerger Land geschriwwen a stoung selwer och ëfters als Statist op Theaterbünen. Um Conservatoire huet en och Sproocherzéiung fir Franséisch gemaach an do Kontakt kritt mat Schauspiller a Regisseure wéi Pol Greisch, Juliette François an Tun Deutsch. De Grënner vum Kasemattentheater huet him verschidde Regieaarbechten uvertraut, wéi "Azote" vum René de Obaldia am Joer 1967. Hien huet nach vill aner Inszenéierunge gemaach fir de Kasemattentheater, den Théâtre du Centaure, de Lëtzebuerger Stadtheater, den "Théâtre des Nouveautés" zu Paräis, de Café-Théâtre Melusina an de Wolzer Festival.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Edouard Kohl, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.