D'Douglasdännen oder Douglasien (Pseudotsuga) sinn eng Gattung an der Famill vun de Pinaceae.
Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Se kruten den Numm Douglas, wéinst dem englesche Botaniker David Douglas deen se géint 1825 entdeckt huet an 1827 mat an England bruecht huet.
iwwer honnert Joer al Douglasdännen (P. menziesii) | |
Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |
---|---|
Räich | Planzeräich |
Iwwerofdeelung | Somplanzen |
Ofdeelung | Nolholzplanzen |
Uerdnung | Pinales |
Famill | Pinaceae |
Gattung | Douglasdännen |
Wëssenschaftlechen Numm | |
''Pseudotsuga'' | |
Carr. | |
Küsten-Douglas Blo Douglas Mexikanesch Douglas Douglas mat groussen Zapen Japanesch Douglas Chineesesch Douglas |
Op der Welt gëtt et dovun nëmme 5 Aarten, an e puer Varitéiten, am westlechen Nordamerika, a China, a Japan an a Mexiko.
Hir Zapen hu grouss Deckschuppen, déi wäit erausstinn, a laang Spëtzen hunn. D'Ae si schlank a spëndelfërmeg. D'Blieder si bei allen Aarte ganz mëll. An Europa gouf d'Küsten-Douglas kuerz no 1827 agefouert, an déi Blo Douglas ëm 1876.
Déi zwou Aarte ginn an Europa an de Bëscher ugeplanzt, woubäi d'Küsten-Douglas am meeschte benotzt gëtt. Et sinn déi wichtegst exogen Bëschbeem an Europa.
Douglasdänne wuesse ganz séier, iwwer ee Meter am Joer ass net ongewéinlech.
Déi verschidden Aarte sinn:
An der "Goldkaul" zu Konsdref steet an engem Bichebësch eng Grupp vu véier bemierkenswäerten alen Douglasdännen (Pseudotsuga menziesii), déi do am Joer 1900 vum Fierschter Bohnenberger ugeplanzt goufen. Si stellen déi héchst Beem aus dem Grand-Duché duer; ee vun hinnen ass 51 m héich (Donnéeën aus dem Joer 2002).
Eng vun den éischten Douglasdännen (P. menziesii) zu Lëtzebuerg gouf am Hierscht 1865 am Park vum Meesebuerger Schlass vun deem sengem Proprietär, dem Prënz Charles d'Arenberg, ugeplanzt. Am Joer 1908 war si 23 m héich an hat en Duerchmiesser vu 54 cm op Broschthéicht. Déi alleréischt Douglasdänne sollen am "botanesche Gaart", deen de Jean Linden um Lampertsbierg (virun 1851) ugeluecht hat, gestanen hunn.
Den Ernest Faber, deemools Forstinspekter zu Miersch, ernimmt nach eng Rei gréisser Bestänn vun Douglasdännen (P. menziesii), déi et 1914 an de Lëtzebuerger Bëscher gouf: "Osterbusch" bei der Fiels (15 Joer al), "Suebelwee" bei Biereng (4 Joer al), "Harthaff" bei Waldbëlleg (1890 resp. 1900 ugeplanzt), "Muertendall" bei Gréiwemaacher (30 Joer al, zesumme mat Fiichten a Weymouthskiefern), "Pettingerbusch" bei Kruuchten (22 Joer).
D'Douglasdännen am Pettingerbusch si bei engem Stuerm 1984 ëmgefall. Et war eng Parzell vu ronn 50 ar. Bei enger Opnam vum Bestand am Joer 1972, gemaach am Kader vun der Instruktioun vun de Forstschüler, ënner der Leedung vum Forstinspekter Camille Kirpach, gouf e Massenduerchschnëtt um Fouss vun iwwer 13m³ gemooss.
Commons: Pseudotsuga – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Douglasdännen, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.