D'Sitkafiicht (Picea sitchensis), ass en Nolebam deen an Nordwestamerika, vun Alaska bis an Nordkalifornien virkënnt.
S'ass doduerch un e fiicht Klima, mat vill Nidderschléi a mëlle Wanteren ugepasst.
Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |
---|---|
Räich | Planzeräich |
Iwwerofdeelung | Somplanzen |
Ofdeelung | Nolholzplanzen |
Uerdnung | Pinales |
Famill | Pinaceae |
Gattung | Fiichten |
Aart | Sitkafiicht |
Wëssenschaftlechen Numm | |
''Picae sitchensis '' | |
(Bong.) Carrière |
An Europa geet d'Sitkafiicht gutt op grënnege, frëschfiichte bis fiichte Biedem, an op Pseudogley mat kuerze Stauphasen. Op dréchene Biedem an a Lage mat dréchener Loft huet se keng Chance fir ze wuessen. Se verdréit de Schierm, wann en net ze laang unhält (z. B. e Virbau vun Elleren), ass awer empfindlech géint Spéitfrascht. Se gëtt net vum Wëld verbass, awer gefeet.
Ganz gutt mécht se sech a groussraimege Mëschunge mat Risemammutbeem, Hemlocksdännen, an Douglasdännen.
Commons: Sitkafiichten – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Sitkafiicht, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.